Covid-Gesetz Mesuren am Beräich Educatioun ginn am Gesetz gestrach

Déi temporär Mesurë fir de Beräich Educatioun wäerten - anescht wéi geplangt - net an dat iwwerschafft Covid-Gesetz stoe kommen, dat iwwermuer an der Chamber soll gestëmmt ginn. Den Educatiounsminister huet an der zoustänneger Chamberkommissioun de Moien ugekënnegt, datt hien dëse Passage aus dem Gesetzprojet zeréckzitt.

Serge Kesseler / cbi

Claude Meisch, ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse
De Claude Meisch wëllt déi temporär Mesuren aus dem Covid-Gesetz sträichen. Foto: SIP / Emmanuel Claude (Archiv)

Lauschteren


Anescht wéi bei anere Secteure kéint e bei de Schoulen net einfach generell op oder zou maachen, argumentéiert de Claude Meisch, mee et bräicht e Flexibilitéit an et misst e séier a graduell kënne reagéieren, esou de Minister zu der eigentlech geplangter Stäerkung vun der gesetzlecher Basis.

Et hätt e wëllen en Rei Konditiounen definéiere fir verschidde Mesurë kënnen ze huelen, esou de Claude Meisch. Hien hat een informellen Echange mam Staatsrot an seet, datt d'Formulatioun vum Artikel dem Staatsrot "ze large" wier. Déi regional a lokal punktuell Mesuren am Kampf géint d'Pandemie mussen also weider iwwer Recommandatioune gemaach ginn, esou de Minister.

Schaarf Kritik vun der Oppositioun

Der CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen no wier et e Skandal, datt et de Minister et och e Joer nom Ufank vun der Pandemie net fäerdeg bréngt, sech eng gesetzlech Basis fir seng Mesuren ze ginn. Et hätt een et mat engem "ganz grave Phenomeen" ze ginn, dat ganz no u Staatsversoen ass, esou den Deputéierte vun Déi Lénk Marc Baum.

De Passage iwwer dat obligatoresch Droe vu Masken an de Schoule vum Cycle 2 u wäert am Gesetzprojet stoe bleiwen.

Méi zum Thema

Pressekonferenz vum 5. Mäerz
Pandemie

An Regierungsrot gouf haut decidéiert, déi aktuell Corona-Mesurë bis den 2. Abrëll ze verlängeren. Sollten d'Zuelen et erlaben, wier eng Ouverture vum Horeca-Secteur am Abrëll awer méiglech.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen