Mënschrechtsliga kritiséiert Geheimdéngschtreform
D’Ligue des Droits de l’Homme (LDH) huet ee kriteschen Avis zur geplangter Reform vum Geheimdéngscht formuléiert. De SREL wier och mat deem neie Gesetz (Projet de Loi 6675) kaum ze kontrolléieren a seng Kompetenze wieren net präzis definéiert, sou d’Mënschrechtsliga. Prinzipiell bedauert d’LDH, dass d’Protectioun vun de Grondrechter net als iwwergräifend Finalitéit vum Geheimdéngschtgesetz festgehal gëtt.
Déi verschidde Kontrollorganer kéinten hir Aufgab net serieux iwwerhuelen, seet den LDH-President Claude Weber. Ugefaang mat der Commission spéciale, engem Gremium vun dräi Riichter, déi hiren Accord zu verschiddenen Iwwerwaachungsmesüre musse ginn. D’Commissioun huet awer weder d’Moyene fir eng fondéiert Decisioun ze huelen, nach ass eng Prozedur virgesinn, wann se hiren Accord refuséiert, sou de Claude Weber: “D’Justiz riskéiert instrumentaliséiert ze ginn”. Och d’Chamberkontrolllkommissioun an d’Kontrollautoritéit (an där de Parquet an d’Dateschutzkommissioun vertruede sinn) hätten net déi néideg Moyenen a Pouvoire fir eng efficace Opsiicht vum Geheimdéngscht ze assuréieren.
Eng "usine à gaz", sou nennt de Claude Weber déi komplex Aart a Weis wéi d'Geheimdéngschtkontroll soll organiséiert ginn:
Aus Perspektiv vun der Ligue stellen sech och bei der Definitioun vun de Missioune vum SREL, dem Dateschutz, der Zesummenaarbecht mat auslänneschen Déngschter an de strofrechtleche Responsabilitéite vun de Geheimdéngschtmataarbechter serieux Problemer. De ganzen Avis fannt Dir op ldh.lu.
Den Interview vum Pia Oppel mam Claude Weber:
