Meisch: Enseignanten u Spuereffort bedeelegen
D'Vertrieder vun den Enseignantscomitéë vun 28 Lycéeën hunn dem Educatiounsminister Claude Meisch 1500 Demissiounsbréiwer aus den Examenskommissiounen iwwerreecht. Si protestéiere géint d’Pläng vun der Regierung, den Enseignantë während der Examenszäit just nach déi Stonnen ze bezuelen, déi se och schaffen.
De Claude Meisch sot no der Entrevue, d’Enseignantë wäerten ee bescheidene Bäitrag zur Sanéierung vun de Staatsfinanze leeschten. En Donneschden ass nach eng Reunioun geplangt mat den Enseignantsgewerkschaften (Féduse, SEW/OGBL an APESS) a Vertrieder vun den Enseignantscomitéë geplangt. Mat Konzessioune vum Educatiounsminister ass awer kaum ze rechnen.
Iwwert d’Demandë vun den Enseignanten fir ze demissionéiere wëll de Claude Meisch dës Woch nach keng Decisioun huelen. Hie wier der Meenung, datt souwisou déi meescht Enseignantë mat dëser Protestaktioun éischter eng generell Onzefriddenheet wollten ausdrécken an d’Exame wuel kaum wierklech wäerte boykottéieren.
De Bäitrag vum François Aulner: