Meisch: "Beruffsausbildung ass een Desaster"
Den DP-Educatiounsminister Claude Meisch an d'CSV-Deputéiert Martine Hansen schwätzen sech allebéid fir eng kohärent an differenzéiert Bildungspolitik aus. Wat dorënner ze verstoen ass, doriwwer si Regierung an Oppositioun sech net eenz.
D'CSV-Deputéiert Hansen an den DP-Educatiounsminister Meisch
Evaluatioun vun der Beruffsausbildung
D'nächst Woch kritt déi zoustänneg Chamberkommissioun eng Evaluatioun vun der Uni iwwert d'Beruffsausbildung virgestallt. D'Conclusioun vun der Uni wier, dass d'Reform vun der Beruffsausbildung (déi ënnert der LSAP-Ministerin Mady Delvaux gemaach gouf) een Desaster ass, sou den Educatiounsminister. Dem Claude Meisch no kann et dowéinst elo net bei klenge Korrekture bleiwen: "D'Grondstruktur an d'Applikatioun vun der Reform mussen iwwerduecht ginn", esou de Minister. De Gesetzprojet, deen den Ament um Dësch läit, geet a sengen Aen net duer a misst ganz iwwerschafft ginn. D'CSV-Deputéiert Martine Hansen géing et hirersäits begréissen, wann um aktuelle Projet weider geschafft gëtt, amplaz en neie Gesetzestext virzeleeën.
Kee Sproochekonzept?
D'Martine Hansen kritiséiert och, datt den Educatiounsministère keen eenheetleche Sproochekonzept hätt. D'läscht Joer wier eng Etude iwwert d'Alphabetiséierung ugekënnegt ginn, déi sollt préiwe wéini déi zweet Sprooch soll agefouert ginn. Déi Etude géing nach ëmmer net virleien, sou d'Martine Hansen. D'Oppositiounspolitikerin hannerfreet deemno de wëssenschaftlechen Hannergrond vun der neier Approche vum Educatiounsministère.
Déi Approche huet de Claude Meisch esou erkläert: D'Villsproochegkeet soll um geschwaten Niveau méi fréi, an am Geschriwwene méi spéit agefouert ginn. Et wier ze fréi, fir mat 7 oder 8 Joer wéi Erwuessener Sproochen ze léieren. An der Crèche, dem Precoce an an der Spillschoul solle Kanner mat geschwatem Lëtzebuergesch a Franséisch a Kontakt kommen. Gläichzäiteg soll doheem d'Mammesprooch gefërdert ginn. "Mir wëllen Zäitphasen notze wou souwisou scho vill Kanner an de Strukture sinn", esou de Minister. Dem Claude Meisch no gëtt am Ministeren aktuell un neie Léierpläng fir d'Sprooche geschafft.
Wäerteunterrecht: Differenzen am Aarbechtsgrupp
Den Aarbechtsgrupp, deen aktuell de Programm fir den allgemenge Wäerteunterrecht ausschafft, ass sech net op allen Punkten eenz, seet den Educatiounsminister. Dee Grupp ass zesummegesat aus Enseignantë vum Moral- a Sozialunterrecht a Reliounsenseignanten. Dem Claude Meisch no missten eventuell verschidde Punkte politesch tranchéiert ginn. D'nächst Schoulrentrée soll de Wäerteunterrecht an enger Rei Pilotprojeten agefouert ginn. D'Joer drop dann an alle Klasse vun der Grondschoul an de Lycéeën.
D'CSV ass géint d'Aféiere vum allgemenge Wäerteunterrecht. Ee fräie Choix tëscht Reliouns- a Wäerteunterrecht wier wichteg, wann een an der Bildung en differenzéierten Usaz wëll hunn, esou d'Martine Hansen. D'CSV-Deputéiert wollt sech awer nach net drop festleeën ob si, falls si eng Kéier Educatiounsministerin wier, de Reliounsunterrecht rëm géif aféieren.
Audio:
Den Interview vum Mick Entringer mam Claude Meisch a Martine Hansen: