Associatioun vun den Hiewanen "Méi Unerkennung a besser Bezuelung"

Hiewane begleede Fraen, déi erwaarde virun der Gebuert an och dono. Dës Aarbecht gëtt awer net genuch bezuelt. D'Associatioun mécht en Appell un d'Politik, fir dat ze änneren.

Sophie Morang / cbi

Nadine Barthel
D'Presidentin vun der ALSF, d'Nadine Barthel. Foto: Charles Reiser.

Wann e Puppelchen ënnerwee ass, huet d'Mamm d'Recht virun der Gebuert an och dono, vun enger Hiewan betreit ze ginn. "Aktuell profitéiert awer net all betraffe Fra dovunner, well si dacks net Bescheed wëssen", seet d'Nadine Barthel, Presidentin vun der Associatioun vun den Hiewanen, der ALSF.

D'Hiewane géifen déi Aktivitéiten nieft hirer Ustellung an engem Spidol maachen: "D'Tariffer fir dës fräiberufflech Aktivitéit sinn ze niddereg", esou d'Nadine Barthel. D'CNS wëllt net méi bezuelen, de Beruff wier domat fir jonk Hiewanen net attraktiv. "Praktesch all Hiewanen hei zu Lëtzebuerg sinn a Spideeler ugestallt, anescht kënne si hiren Alldag net finanzéieren", esou d'Nadine Barthel.

Roll vun der Hiewan haut

"Och an enger Zäit, an där d'Schwangerschaft an d'Gebuert enk medezinesch mat Instrumenter iwwerwaacht ginn, huet d'Hiewan eng grouss Roll", esou d'Nadine Barthel. Wa si mat bei der Gebuert dobäi ass, géifen Zaangegebuerten an och d'Keeserschnëtter erofgoen. Et géifen och manner Fraen no der Gebuert Depressioune kréien.

Zu Lëtzebuerg wier den Trend fir Gebuerte per Keeserschnëtt ze programméieren nach net ukomm. Et géifen awer vill Gebuerten ageleet: d'Nadine Barthel ass iwwerzeegt, datt vill Fraen dovunner ewech géife kommen, wa si am Virfeld vun enger Hiewan begleet wieren.

Nowuess

Et ginn zu Lëtzebuerg eng 7.000 Gebuerte pro Joer - et kommen awer nëmmen dräi bis véier Hiewanen aus dem LTPS eraus. Dat geet net duer, klot d'Nadine Barthel, an hirer Qualitéit als Presidentin vun der ALSF.

Méi zum Thema

Dokter mat engem Kondom
Sexuell iwwerdrobar Krankheeten

Sexuell iwwerdroen Infektiounen huelen zu Lëtzebuerg erëm zou. Fir doriwwer opzeklären huet de Gesondheetsministère eng nei Campagne lancéiert. "Ne jouez pas avec votre santé" soll d'Leit opklären.

Baby
Hiewannen

No enger Gebuert hu Mammen d'Recht op eng Begleedung duerch eng fräiberufflech Hiewann. Déi géifen dofir net entspriechend vun der CNS entlount ginn, heescht et vun der Associatioun vun den Hiewannen

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen