Däitschland Méi streng Reegelen no der Vakanz

An Däitschland fuerdere verschidde Bundeslänner méi strikt Reegelunge fir Persounen, déi aus der Vakanz zeréckkommen. Déi momentan Mesurë géifen eng Ausbreedung vum Coronavirus net genuch bremsen. Dofir wëllen d'Bundeslänner sech elo séier mat der Bundesregierung zesummesetzen.

Max Tholl (Berlin) / cbi

Markus Söder
De Markus Söder wëllt méi streng Reegele fir Leit, déi aus der Vakanz zeréckkommen. Foto: picture alliance/dpa | Sven Hoppe

Lauschteren


Mat der Vakanzesaison wiisst och d'Angscht, datt de Coronavirus sech nees méi séier verbreet an d'Infektiounszuele staark no uewe ginn. Dofir wëllt de bayresche Ministerpresident Markus Söder méi streng Reegelunge fir Persounen, déi aus der Vakanz zeréckkommen.

De Markus Söder wëllt eng allgemeng Testflicht

Aktuell ass et sou, datt komplett immuniséiert Persounen, déi nees aus engem Risikogebitt oder Héichinzidenzgebitt areesen, sech zwar elektronesch mussen umellen, mee keng Quarantän néideg ass. Dës Reegelung gëllt nach bis den 10 September, mee de Markus Söder wëllt, datt scho vum 1. August un méi strikt Mesurë sollen a Kraaft trieden.

Eréischt no der Vakanz eng Quarantänreegelung anzeféiere géif kee Sënn maachen, sot hien der "Augsburger Allgemeinen". Fir Reiserückkehrer soll et eng allgemeng Testflicht ginn, egal, vu wou si areesen.

Och aner Bundeslänner ënnerstëtzen dës Fuerderungen. D'Manuela Schwesig aus Mecklenburg-Vorpommern wëllt, datt Persounen, déi an engem Risikogebitt waren, sech zwee mol mussen teste loossen an dotëscht a Quarantän ginn.

Ministerpresidentekonferenz soll Klärung bréngen

Fir méi strikt Mesuren ze decidéieren, soll elo sou séier wéi méiglech eng Ministerpresidentenkonferenz ofgehale ginn. Dës war réischt fir Enn August geplangt, mee sou laang kéint een net waarden, seet och de Ministerpresident vu Brandenburg, den Dietmar Woidke.

Iwwerdeems huet den President vum Weltärztebund, den Ulrich Montgomery, gewarnt, datt d'Vakanzesaison eng nei Well kéint ausléisen. Besonnesch jonk Persounen, déi nach kee kompletten Impfschutz hunn, géife riskéieren de Virus mat Heem ze bréngen. Dofir misst een strikt Quarantänreegelungen aféieren.

Méi zum Thema

Mobil Impfungende 7.Juli zu Wolfsburg
Coronavirus

An Däitschland ass d'Impfbereetschaft zeréckgaangen, wat mat Bléck op déi ustiechend Deltavariant fir eng gewëss Beonrouegung suergt. D'Bundeslänner wëllen elo kreativ ginn.

Däitschland
Däitschland

Vun August u kéinten déi däitsch bundeswäit Corona-Mesuren opgehuewen ginn. Bis elo kruten eréischt ronn 40 Prozent vun den Däitschen zwou Impfdosissen. D'Bundeslänner wëlle Groussveranstaltungen erëm erlaben.

Net verpassen

  • 16.10. Riicht eraus - Bleift d'Kierch am Duerf?

    Riicht Eraus_Beift Kierch am Duerf 2.jpg

    Wéi kënnen an däerfen entweite Kierchen nach gebraucht ginn? Et diskutéieren d'Architektin Sala Makumbundu, de Kierchenexpert A. Langini, de G. Kieffer vum Bistum, an den R. Mangen, Schäffen Déifferdeng.

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen