Elektromobilitéit Méi Statioune fir Elektroautoen

Bis 2020 sollen 800 nei Luedstatioune fir Elektroautoen zu Lëtzebuerg opgeriicht ginn. Nächste Mount fänkt d’Installatioun un, seet de Wirtschaftsminister. Geet dës Infrastruktur duer, fir d'Elektromobilitéit richteg ze lancéieren?

Françoise Keller / ys

Luedstatioun
1.600 Autoe solle gläichzäiteg kënne geluede ginn (Foto: Bigstock / miroslav110)

Zu Lëtzebuerg hu ronn 600 Leit en Elektroauto. 80 Luedstatiounen, dorënner 18 an der Stad, liwwere nieft der traditioneller Steckdous deen néidege Stroum. D'Lëtzebuerger Regierung hätt zesumme mat de Gemengen an de Bedreiwer e Verdeeler-Konzept entwéckelt, fir weider 800 Statiounen opzeriichten, seet de Wirtschaftsminister Etienne Schneider. Dës Infrastruktur wier ee wichtege Punkt fir mat der Elektromobilitéit unzekommen. Et misst garantéiert sinn, datt d'Automobilisten iwwerall kéinte mat hirem Elektroauto hikommen. An och nees heem.

Stroum tanke brauch Zäit

Mat engem vollen Akku kënnen déi meescht Elektroautoen den Ament just ronn 150 Kilometer wäit fueren, ier den Akku néi muss opgeluede ginn. Dofir si vill Statiounen néideg. Déi nei Opluedstatioune wäerten haaptsächlech op vill-besichten Plazen am ëffentleche Raum positionéiert ginn, esou den Etienne Schneider. Zum Beispill bei Garen oder Akfaszentren.

Eng Statioun bitt d’Méiglechkeet fir zwee Autoen opzelueden. An Zukunft wäerten also 1.600 Autoe gläichzäiteg uechter d’Land un ëffentlechen Statioune kënnen opgeluede ginn. Wie säin Elektroauto ugeschloss huet, muss sech allerdéngs ronn aacht Stonne laang gedëllegen, bis den Akku ganz opgelueden ass.

Den amerikanesche Produzent TESLA gesäit sech do am Virdeel. Déi sougenannten "Super Charger"-Statioune géifen et erlaben, een TESLA-Auto an 30 Minutten hallef opzelueden, erkläert d'An De Pauw, Country Manager fir TESLA Lëtzebuerg.

Grenge Stroum fir Elektromobilitéit

Wie säin Elektroauto doheem un der Steckdous oplued, weess ob de verbrauchte Stroum zum Beispill aus erneierbaren Energiequellen kënnt. D’An De Pauw betount, datt op de Betriibs-eegene Super Charger Statiounen, nëmme grénge Stroum wier. Och bei de staatleche Bornen setzt een op grénge Stroum. D'Elektromobilitéit sollt ekologesch sinn, seet den Etienne Schneider. "An et soll net sou sinn, datt mir herno iwwer Atom-Stroum oder Kuelestroum mam Auto fueren." Domat géifen d'Emissioune just verlagert ginn.

Op der Borne kéint de Konsument selwer wielen, bei wiem hien de Stroum géif kafen. Deemno kéint hien och wielen, wéi ee Produit hie géif kafen, sou den Etienne Schneider.

Stockéiere vun Energie am Auto?

Fir de Wirtschaftsminister ass Elektromobilitéit och een Aspekt vum sougenannte Smart Metering. Dës intelligent Compteuren moossen op detailléiert Aart a Weis d'Consommatioun an d'Produktioun vun Energie a Gas an all Stot. Doduerch kann déi produzéiert Energie besser ze geréiert a stockéiert ginn.

Fir de Paul Polfer vum Mouvement Écologique, ass d'Géréieren an d'Stockéiere vu Stroum iwwer d'Batterie vun Elektroautoen awer "nach net fir haut a muer". Fir hie läit déi gréissten Erausfuerderung vun Elektroautoen beim Akku: "Wéi eng Liewensdauer huet deen? Wéi eng Räichwäit huet deen? A kritt een d'Materialien, déi zum Deel ganz rar sinn, recuperéiert a recycléiert, wann e bis futti ass?"

Et wier nach vill Loft no uewen, wat d'Nohaltegkeet vun de Batterien an den Elektroautoen betrëfft. Effektiv hunn nëmmen vereenzelt, méi deier Modeller den Ament eng Räichwäit vu méi wéi 150 Kilometer.

Ier de Marché fir Elektroautoen also wierklech opliewe kann, misst deemno d'Räichwäit vum Akku an d'Luucht goen oder de Präis vum Auto falen. De Succès vum Elektroauto géif awer och dovun ofhänken, wéi vill Drock vun de Verbaucher an der Politik d'Autosproduzente géif gemaach ginn, sou de Paul Polfer.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Françoise Keller
Lauschteren

Méi zum Thema

Claude Turmes
Dieselgate

De gréngen EU-Deputéierte Claude Turmes huet d'EU-Kommissioun beschëllegt, d'Opklärungsaarbecht vum Parlament am Ofgasskandal "ganz bewosst" ze behënneren. Fir Memberstaate wéi Lëtzebuerg ze decken?

Auspuffen
Automobilindutrie

Bis Enn dës Joers wëll VW hei am Land d'Autoen, deenen hir Ofgaswäerter manipuléiert goufen, ëmrüsten. Eng Entschiedegung ass net virgesinn. Gläichzäiteg préift de Staat, ob eng Plainte gemaach gëtt.

Smart Home Control
Energie an Dateschutz

Bannent deenen nächste véier Joer gëtt de Verbrauch vu Stroum a Gas mat intelligente Compteure gesammelt. Mee wat genee geschitt mat den Donnéen? A wéi sécher si se virun Zougrëff vun Drëtten?

windmill and solar panel with a clear blue sky
Erneierbar Energien

Lëtzebuerg huet a sengem Energiekonsum EU-wäit dee klengsten Undeel un erneierbaren Energien. Déi deementspriechend Direktive gëtt dem Grand-Duché bis 2020 fir des Situatioun ze verbesseren.

 

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen