Méi sozialistesch Akzenter bannent der LSAP

Bannent der LSAP misst déi demokratesch Diskussioun besser strukturéiert ginn. All Stréimung soll kënnen zu Wuert kommen an et misst verstäerkt iwwert sozialistesch Wäerter debattéiert ginn. Dat war d’Conclusioun no enger Réunioun vun enger Rei LSAP-Memberen, en Donneschdeg den Owend am Casino zu Bouneweg.

[caption id="attachment_9376" align="aligncenter" width="604"]Nico Wennmacher Nico Wennmacher © Pascal Hansen[/caption]

Virun 2 Méint haten eng 60 Sozialisten an engem Bréif un d’Parteileedung kritiséiert, datt d’LSAP ëmmer méi wirtschaftsliberal Positioune géif vertrieden: d’LSAP géif déi vun Europa diktéiert neoliberal Ausriichtung mat akzeptéieren.

De Bréif war op Initiativ vun de Gewerkschaftler Nando Pasqualoni an Nico Wennmacher entstan, a gëtt mëttlerweil vun 120 LSAP-Memberen matgedroen. D’Haapt-Fuerderung ass, datt ee mat der Basis demokratesch an transparent misst diskutéieren. Dat gelt zum Beispill fir den transatlanteschen Fraihandels-Accord TTIP.

“Standpunkte musse kënne gläichwäerteg duergestallt ginn, de Meenungsbildungsprozess an der sozialistescher Partei muss op enger breeder Basis gemaach ginn. D’Leit mussen op déi Froen, déi si sech stellen Äntwerte kréien”, seet den Nando Pasualoni, an ënnersträicht d’Fuederung aus dem Bréif fir eng Landeskonferenz. Et wär wichteg, datt all d’Stréimungen déi et bannent der Partei ginn an den Diskussiounen zu Wuert kéimen.

Der Regierung hir Spuermesurë géife virun allem op Käschte vun der LSAP-Stammwielerschaft goen. Dat hätt bei den nächste Wahlen negativ Auswierkunge fir d’Partei. Gefuerdert gëtt, datt bei der geplangter Steierreform sozialistesch Akzenter gesat ginn.

De Gewerkschaftler an LSAP-Member Nico Wennmacher schwätzt d’Ëmverdeelungspolitik un: “Dat betrëfft Léin a Gehälter, dat betrëfft d’Pensiounen, dat betrëfft natierlech d’Steieren, wou mir gär eng sozial gerecht Steierreform hätten.” Och doriwwer wéilt ee mat der Parteileedung diskutéieren. Fir d’éischt iwwer d’Art a Weis, wéi den Dialog iwwer d’Steierreform gefouert géif ginn an duerno iwwer Inhalter.

En Donneschdeg den Owend gouf verséchert, datt een op kee Fall eng Spaltung vun der Partei wéilt. D’LSAP misst onbedéngt sozialistesch Akzenter setzen. Een Dënschdeg den Owend hunn d’Initiateure vun deem kritesche Bréif eng Entrevue mat der LSAP-Parteileedung fir iwwert hir Fuerderungen ze diskutéieren.

Reaktioun vum President vun der LSAP

De Claude Haagen seet an enger Reaktioun, d’Regierung wär fir d’Politik vum Land responsabel. Souwuel de Wahlprogramm, wéi och de Koalitiounsprogramm wären op engem Kongress guttgeheescht ginn. D’Dossiere Griicheland, TTIP a Steierreform géifen mat de Militanten diskutéiert ginn, soubal se sprochräif wären.

De Parteipresident verdeedegt d’Spuermesuren, déi néideg gewiescht wären, fir d’Land aus der Kris ze féieren. Hien gesteet awer an, dass een domadder bis un d’Grenze vun der LSAP gaang wär. Bei der Steierreform wéilt ee sech dofir asetzen, datt kee méi misst bezuelen, awer datt de Pouvoir d’Achat wäert ugekuerbelt ginn.

Audio: Bäitrag vum Carole Schimmer am Moiespanorama vum 11. September

 

Interview vum Daniel Schneider mam Claude Haagen vum 11. September

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen