Medien Affär Lunghi: "Ee Crashcours an der Medienerzéiung"
"Glaafwierdegkeet ass dat wichtegst Verméige vun engem Editeur", dat sot de Generaldirekter vu Saint-Paul a "Riicht eraus". Déi vun RTL wier am Kontext vun der Affär Lunghi/RTL op d'Spill gesat ginn, sou ee weidere Constat an der Emissioun. Gläichzäiteg wier dës Affär ee Léierstéck.

D'RTL-Sendung "Den Nol op de Kapp" huet hire Stil, fënnt de Jürgen Stoldt, Kommunikatiounsberoder a fréiere Responsabele vun der Zäitschrëft forum. "Dozou gehéiert och, datt an Interviewen "Fangfroen" dacks widderholl ginn, fir datt d'Persoun, déi ee wëll an den Eck drécken, iergendwann eppes vu sech gëtt, wat ee ka benotzen". D'Interviewféierung, déi d'RTL-Mataarbechterin Sophie Schram am Gespréich mam Enrico Lunghi un den Dag geluecht huet, géif bei d'Format passen a wier deemno och keng Iwwerraschung gewiescht, fënnt de Jürgen Stoldt.
D'Josée Hansen fënnt et hirersäits problematesch, datt den Enrico Lunghi an deem Interview ëmmer erëm mat Aussoe vun der Doris Drescher konfrontéiert ginn ass. "Et war keen Interview iwwer Fakten, mee een Interview iwwer Aussoe vun enger anerer Persoun", sou d'Land-Journalistin. Hirer Meenung no ass mat der Affär Lunghi och kloer ginn, wéi wichteg Medienerzéiung ass.
"Ee Monster, dee géif Meedercher iessen"
"D'Tëlee ass am Fong een ale Medium, mee d'Leit wëssen net wéi se gemaach gëtt", seet d'Josée Hansen. "Ech sinn eng grouss Unhängerin vun enger Medienerzéiung, an at hei ass quasi ee Crash-Cours a Medienerzéiung fir d'Leit alleguerten".
Jiddereen hätt vu "Skandal" geschwat, nodeems ee rosenen Enrico Lunghi am "Nol"-Reportage ze gesi war. Duerno, wéi d'Réimaterial publik ginn ass, hätten déiselwecht Leit gesot, si wiere naiv gewiescht an op de Reportage eragefall. Am Fong wier de Problem net d'Interviewtechnik, mee de Montage, deen dozou gefouert hätt "datt ee mengt, den Enrico Lunghi wier ee Monster dee géif Meedercher iessen".
D'Josée Hansen mécht awer manner der RTL-Mataarbechterin Sophie Schram ee Virworf, wéi hire Virgesaten. "Si ass am Fong de klenge 'Lampiste' an der Affär. Iwwert hir war de Marc Thoma, eng Chefredaktioun an eng Direktioun". De Jürgen Stoldt seet och, et wier wichteg jonk Journalisten ze schützen, zum Deel viru sech selwer. "Et hätt een déi Fra misste stoppen an hir erlären, datt si hir eege Karriär op d'Spill setzt a fir RTL ee Gau riskéiert". Dat wier d'Aufgab vun der Hierarchie gewiescht, sou de Jürgen Stoldt.
"Grozon" am Deontologiekodex
De Presserot beschäftegt sech de 6. Dezember mat der Affär. Am Virfeld wollt de President vum Presserot, Paul Peckels, sech net dozou äusseren, ob RTL mam Bäitrag iwwer den Enrico Lunghi den Deonotologiekodex vun de Journaliste verletzt hätt, oder net. Hien huet awer zouginn, datt an deem Kodex "vill Grozon" an Diskussiounsspillraum dra wier. Wann de Presserot elo allerdéngs vu sech aus eng Resolutioun géif huelen, da géif een de Risiko agoen, eng Virveruerteelung ze maachen. Villes géif och elo dovun ofhänken ob den Enrioc Lunghi eng Plainte beim Presserot géif deposéieren.
Kloer wier, datt de journalisteschen Deontologiekodex just fir Journaliste mat Pressekaart géif gëllen, an datt net all d'Mataarbechter vun der Press och esou eng Pressekaart hätten. Et wier dofir och d'Responsabilitéit vun den Editeuren, all hir Mataarbechter dozou ze brénge journalistesch "Mindeststandarden anzehalen". "Soss setzen si quasi hiert Verméigen op d'Spill. Well Credibilitéit ass dat wichtegst wat een als Editeur huet", sou de Paul Peckels.
Firwat huet de Presserot sech sou spéit ageschalt? De Paul Peckels argumentéiert, hie wier net presséiert gewiescht, dringend Reuniounen zesummen ze ruffen. "Vill Leit hu sech mat ze vill séiere Reaktiounen d'Patte verbrannt. Et huet kee Wäert ze vill séier ze schéissen". Dat soll ee maachen, wann d'Fakten all um Dësch leien.
"Gott sei Dank gëtt et de Feierkrop"
De Jürgen Stoldt ass méi generell der Meenung, datt d'Affär RTL-Lunghi zwar ee gräifbaart Beispill ass, mee datt "an all Publikatioun Klengegkeeten dra sinn, déi déi perséinlech Virléiften a Ressentimenter vu Journalisten erëmspigelen". Dat wier och net ganz ze verhënneren. Et wier just wichteg, datt d'Redaktiounen als Kollektiv, grad wéi Chefredaktiounen dofir suergen, datt dëst sech a Grenzen hält.
Schued fënnt de Kommunikatiounsberoder, datt d'Medien zu Lëtzebuerg sech net méi mat sech selwer ausernee setzen, a géigesäiteg kontrolléieren. "Et traut kee sech, deem aneren op d'Féiss ze trëppelen, Gott sei Dank gëtt et de Feierkrop, deen ee groussen Deel vun där Aarbecht iwwerhëlt", sou de Jürgen Stoldt. Hie géif et awer "vill besser" fanne wa Mediekritik net nëmmen iwwer Satir géif gemaach ginn.
Wichteg wier fir d'Credibilitéit iwwerdeems och eng kloer Trennung vun Informatioun a Kommentar an der Press. Informatiounsartikelen dierften net dofir genotzt gi fir Stëmmung ze maachen. Dofir missten et kloer Kritäre ginn. Dat gesäit och de Paul Peckels esou, allerdéngs verweist hien och op de Bléck an d'Interpretatioun vum Lieser, déi een net kéint beaflossen.
Josée Hansen: "Wahrscheinlech naiv"
A wéiwäit stellen d'Journalisten hir Credibilitéit a Fro wa si sech politesch engagéieren oder Member vu Verwaltungsréit ginn? D'Land-Journalistin huet viru Kuerzem aus dem Verwaltungsrot vum Mudam demissionéiert, aus deontologesche Grënn. Wéi si de Posten ugeholl huet, wier si "wahrscheinlech naiv" gewiescht. Si hätt sech deemools gär fir de Musée a fir d'Konscht abruecht. "Ech war 10 Joer Presidentin vun der Rockhal, do hat ech ni ee Problem, ech hunn ni iwwer Rockmusek geschriwwen an do war och net souvill politeschen Drock", sou d'Josée Hansen.
De Jürgen Stoldt ass der Meenung, datt Journalisten sech an alle Beräicher vun der Gesellschaft solle kënnen abréngen – och an der Politik. "Kee Bierger dierf dru gehënnert gi fir politesch aktiv ze ginn. Et dierf och keen Employeur verlaangen, datt ee Journalist sech net politesch engagéiert", sou de Kommunikatiounsberoder. Doduerch datt Journalisten awer vill Verbindungen hätten, wiere si "matzen am Liewen". Jidderee géif ee Journalist kënnen an dofir wier de Virworf, Journaliste wieren een Deel vun der Elite och net richteg.
De Paul Peckels fënnt datt d'Professionalitéit vum Journalist an deem Fall muss spillen. "Jidderee weess jo, wou e bei eis an de Medien drun ass, dat ass jo kee Geheimnis, sou datt een och de Fonctionnement dovu versteet".
"Dem Alain Berwick d'Genéck gebrach"
Och d'Demissioun vum Alain Berwick ass an der Sendung kommentéiert ginn. D'Land-Journalistin Josée Hansen ass der Meenung, datt den RTL-Generaldirekter, ähnlech wéi de fréiere Premier Jean-Claude Juncker, "ze laang do" war, nämlech 22 Joer am Ganzen. "Mat der Zäit sinn nei Generatioune vu Journaliste komm, et sinn nei Formater komm, an do konnt hie vläicht net mathalen".
Allerdéngs wier et d'Affär Lunghi gewiescht, déi dem Alain Berwick d'Genéck gebrach hätt, och wann RTL seng Demissioun net direkt domat a Verbindung bruecht huet. Den Alain Berwick hätt sech zevill an d'Redaktiounsdecisiounen agemëscht, sou d'Josée Hansen. "Ech mengen, datt dat ee Problem fir d'CLT-Ufa ass", sou d'Journalistin, déi op d'Verhandlungen iwwert den neien RTL-Konzessiuonsvertrag verweist. "Ech mengen CLT-Ufa schléit léiwer den Aarm ewech deen eetert, wéi d'Wonn ze flécken".
Eng ëffentlech-rechtlech Tëlee fir Lëtzebuerg?
De Jürgen Stoldt bemierkt, datt d'Demissioun vum Alain Berwick "ee Katalysator fir Verännerungen" kéint sinn. Den Ament géifen déi redaktionnell Inhalter vun RTL dacks mat kommerziellen Interessen vermëscht ginn. "Dat läit un der Finanzéierung vun RTL an um Geschäftsmodell", sou de Kommunikatiounsberoder. "Datt den Här Berwick vill Afloss op dat Redaktionnellt hat, wousste mir all, et ass just elo de Beweis do".
Am Kontext vun der Affär Lunghi/RTL ass an de leschte Wochen an de soziale Medien d'Opportunitéit vun enger ëffentlech-rechtlecher Tëlee fir Lëtzebuerg diskutéiert ginn. De Jürgen Stoldt fënnt, datt RTL déi Missioun am Fong kéint iwwerhuelen. Dat misst awer an de Finanzéierungsmodalitéite sou festgeschriwwe ginn, an d'Redaktioun misst eng komplett Onofhängegkeet garantéiert kréien.
De Fall vum Philharmonie-Orchester géif awer och weisen, datt een een ëffentlechen Déngscht vun RTL kéint lassléisen. Zwar géif dat eppes kaschten, mee ëmmerhin hätt dann de Bierger och een Usproch drop, sou de Jürgen Stoldt. "Op RTL gesitt Dir ni een negative Reportage iwwer de Cactus", sou nach d'Josée Hansen. Den "hybride Statut vun RTL" (privat mat ëffentlechem Optrag) wier problematesch.