Fussball Maxime Chanot, ee Lëtzebuerger Futtballprofi zu New York

De Lëtzebuerger Futtball-Nationalspiller Maxime Chanot spillt zënter Juli an der amerikanescher Profi-Liga MLS fir den New York City FC. No fënnef Matcher am neien Trikot an nieft Fussball-Legende wei Pirlo, Lampard a Villa, ass de Bilan positiv. De Maxime Chanot huet seng Platz an der Equipe fonnt.

Philip Crowther (USA) / cwi

Maxime Chanot
Dem Maxime Chanot gefält et gutt zu New York

Zënter 2 Méint wunnt de Lëtzebuerger Nationalspiller zu White Plains, no beim Trainingsterrain vu senger néier Equipe an bei der Profi-Liga. Hie wier mat senger Fra ausgewandert, fir den amerikaneschen Dram ze liewen, erzielt de Maxime Chanot. Säi Liewen an de Staaten wier anescht, wéi dat an Europa. "Dir gesitt, ech setzen an engem Gebai mat engem Salon, mat enger Sportshal déi esou grouss ass wéi déi a menger Stad doheem. Hei ass enge Boxhal, ee Golfsimulator, eng Spillhal mat Billard a Playstation ... Alles dat ass fir all d'Awunner. Et gëtt ni langweileg. "

De Futtballspiller ass aus dem belsche Courtai an d'USA komm. Hie wier zwar duerch de Sport scho vill gereest, mee et wier déi éischte Kéier, datt hien op New York komm wier. "Et ass eng flott Erfarung, déi fir mech hei ufänkt."

En iwwerraschende Wiessel

Zenter fënnef Joer spillt de Maxime Chanot an der Lëtzebuerger Nationalequipe. Hien ass a Frankräich gebuer, seng Mamm ass Lëtzebuergerin. Am Alter vu 26 Joer huet hie schonn an England, a Schottland, a Frankräich an an der Belsch gespillt. De Wiessel op en anere Kontinent huet iwwerrascht. D'Reaktioune wieren ënnerschiddlech gewiescht, erzielt de Profispiller. Déi, déi net esou vill vu Futtball géife kennen, géife mengen an de Staate géif just Basketball oder Baseball gespillt ginn. "Si mengen, dat hei wier mäi Begriefnes." Déijéineg, déi méi vum Sport géife kennen, wéissten, datt de Niveau vun der amerikanescher Profi-Liga bal esou gutt wier, wéi dee vun de groussen europäesche Championnater.

De New York City FC

Dem Maxime Chanot säin neie Club gëtt et eréischt zënter dräi Joer. De New York City FC ass eng Kreatioun vu Manchester City, dem Club an England deen engem Scheich aus Abu Dhabi gehéiert, an dem Baseball-Club vun de New York Yankees. Séier gouf grouss akaft. Déi fréier Nationalspiller Andrea Pirlo aus Italien, David Villa aus Spuenien a Frank Lampard aus England si Co-Equipéiere vum Maxime Chanot. Et wier eng flott Erfarung, mat esou Leit ze spillen, fënnt de Futtballprofi. Si wiere net nëmme gutt Spiller, mee et kéint een och vun hinne léieren. "Ech passen all Dag um Terrain dorop op wéi si spillen. Hinnen nozekucke mécht Spaass an ech verstinn elo, firwat si Carrière gemaach hunn."

Den David Valla nom Spill am Interview

Zefridde mam Spiller

Kierzlech huet de Veräin am Yankees-Stadion an der Bronx géint Chicago Fire gespillt. De Match gouf och op Spuenesch kommentéiert. En neie Club brauch Supporter a spuenesch-sproocheg Immigrante sinn eng Zilgrupp vun NYCFC.

D'Nationalhymn virum Spill

De Commentateur John Rojas fënnt et gutt, datt ee Lëtzebuerger Spiller, dee wahrscheinlech vill Optioune bannent Europa hat, d'amerikanesch Profi-Liga als nächste Schrëtt a senger Carrière gewielt hätt. "Wien näischt iwwer Lëtzebuerg wousst, huet déi lescht Jore kee Futtball gekuckt." Den John Rojas huet dem Maxime Chanot seng fënnef Matcher am Trikot vu sengem neie Club gesinn a säin Androck ass positiv. De Lëtzebuerger Nationalspiller hätt sech dem amerikanesche Futtball ugepasst. "Hien ass gutt an der Loft, staark, a gutt um Ball." De Maxime Chanot géif esou spillen, wéi et sech den Trainer géif wënschen.

Den Trainer, dat ass de fréiere franséische Weltmeeschter Patrick Vieira. "De Maxime ass e Kämpfer, e Gewënner an e gudde Verdeedeger", seet dësen. Hie kéint et net erwaarden, de Spiller nees an der Equipe ze hunn.De Maxime Chanot kann nämlech wéinst enger Verletzung um Réck den Ament net spillen.

Futtball am Yankees-Stadion

D'Spill géint Chicago Fire huet de New York City FC 4-1 gewonnen an domat huet dem Maxime Chanot säi Club sech fir d'Play-offs qualifizéiert. Gespillt gouf viru ronn 25.000 Léit an engem Baseball-Stadion an deem soss d’Yankees spillen. Fir de Maxime Chanot, deen och schonn an dësem Stadion gespillt huet, ass et eng aussergewéinlech Erfarung esou anzwësch ze spillen. "De Yankees-Stadion ass esou mythesch a schéin. Ech si stolz do ze spillen."

De Yankees-Stadion

De Maxime Chanot huet vir, fir d’Matcher vun der National-Equipe all Kéier zeréck an Europa ze reesen. Déi éischte Kéier war fir hie fir de Qualifikatiouns-Match fir Weltmeeschterschaft am Asaz - eng 4-3 Defaite géint Bulgarien. Hie schwätzt mat senge Co-Equipiere Franséisch mee de Plang wier et fir Lëtzebuergesch ze léieren. "Ech hu Bicher an ech hu menger Mamm versprach datt ech am Dezember Lëtzebuergesch ka schwätzen. Ech hale mäi Verspriechen ... mee soe mir Dezember 2017."


Lauschtert ee Bäitrag mat vill Atmosphär an Andréck aus dem Yankees-Stadium.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Philip Crowther
Lauschteren

Méi zum Thema

flf & cmcm
Caisse médico-complémentaire mutualiste

Bei der CMCM leeft et net gutt. D'Mutualitéit verléiert u Memberen. E Sponsoring-Kontrakt mat der Fussballfederatioun soll hëllefen. D'Membere vun der Keess sinn iwwert dës Kollaboratioun net frou.

Stadion
Fussball

Bei der Qualifikatioun fir d’WM 2018, geet et virun allem ëm d’Performance, esou den Nationaltrainer. Däitschland, Frankräich a Spuenien si bei der EM 2016 dem Luc Holtz seng Favoriten.

Sport.JPG
Sport

D'Stad Lëtzebuerg wëll eng Plattform vun de Stater Veräiner schafen. Dës soll eng Bestandsopnam vun de Problemer maachen, fir duerno Léisungen ze fannen.

gilles muller.jpg
Gilles Muller am Interview

De beschte Lëtzebuerger Tennisspiller kuckt op eng fir hie gutt Saison zréck. Fir déi Joeren, déi him als Profi bleiwen, musse Choixe getraff ginn. Eventuell op Käschte vun der Davis Coupe.   

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen