Martine Reicherts nees Generaldirektesch vun EU-Publikatiounsagence

D’Martine Reicherts trëtt op den 1. November nees hire Posten als Generaldirektesch vun der europäescher Publikatiounsagence un, wou si zënter Juli am congé sans solde war. Dat no véier Méint als EU-Interimskommissärin fir de Ressort Justiz, Grondrechter a Citoyennetéit. Ob si nach emol an d’Politik wiesselt, wollt déi laangjäreg LSAP-Member net definitiv ausschléissen. Si hätt entspriechend Offre krut, wéilt elo awer nach keng Decisioun huelen.

D’Martine Reicherts seet sech zefridde mat hirer Aarbecht als EU-Kommissärin. Besonnesch an dem wichtegen Dossier vum neien europäeschen Dateschutzreglement wieren d’Verhandlunge gutt viru gaang, a kéinte vun hirer Nofolgerin der Tschechin Vera Jourova séier ofgeschloss ginn.

An der neier Kommissioun muss d’Justizkommissärin sech mam Günther Oettinger (Digital Economie) an dem Vize-President Andrus Ansip (Digitale Marché Unique) ofschwätzen. Zur Fro, ob déi economesch Interessen an där Constellatioun net riskéieren d’Iwwerhand iwwert den Dateschutz ze kréien, sot d’Martine Reicherts, et misst een elo ofwaarde wéi déi nei Kommissiounsequipe hier Aarbecht organiséiert.

Zur rezenter Polemik ronderëm déi héich Paie vun den Interimskommissäre seet d’Martine Reicherts, datt si op d’Indemnitéit vun maximal iwwer 400.000 Dausend Euro fir d’Post-Mandatszäit verzicht.

Den Interview vum Pia Oppel mat der Martine Reicherts:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen