Martin Schulz bleift President vum Europaparlament
De Martin Schulz bleift fir weider 2 an en Halleft Joer President vum Europaparlament. De Sozialdemokrat krut de de Moien am éischten Tour 409 vun am Ganzen 751 Stëmmen. Eng 70 Deputéiert hunn sech deemno net un den Koalitiounsaccord tëscht Sozialdemokraten, Chrëscht-Demokraten a Liberaler gehalen. “Déi Koalitioun funktionéiert zwar, mee ass awer knapp”, sot nom Vote den DP-Europadeputéierten de Charel Goerens am 100,7-Interview:
D’Viviane Reding sot sech “relativ berouegt”: d'Koalitioun géif duergoen, fir de Jean-Claude Juncker an zwou Wochen als Kommissiounspresident ze stëmmen. Ëmmerhi géifen et deen Ament och keng Géigekandidaten. D'CSV-Europadeputéiert huet op Nofro hin erklärt, datt de Martin Schulz net hire perséinleche Wonschkandidat war: Et wier eben dee Kandidat, ob deen ee sech hätt kënnen eenegen, fir da spéider de Jean-Claude Juncker “duerch ze kréien”. Effektiv géif dem Martin Schulz säi Politikstil net jidderengem gefalen:
De gréngen Europadeputéierte Claude Turmes huet sengersäits gewarnt, datt de Martin Schulz mat der EVP an de Liberalen eleng keng progressiv sozialdemokratesch Politik kéint maachen:
D’LSAP-Europadeputéiert Mady Delvaux sot sech frou doriwwer, datt de Martin Schulz direkt am éischten Tour eng kloer Majoritéit krut. Zur Fro, wéi eng Politik méiglech ass, am Kader vun der Koalitioun mat der EVP an de Liberalen, sot si dat heiten:
Fir de Poste vum Parlamentspresident hunn am Ganze 4 Europadeputéiert kandidéiert: Zweetstäerkste gouf de Sajjad Karim vun den Europäesche Reformisten a Konservative mat 101 Stëmmen, de Kandidat vun der Gauche an d’Kandidatin vun déi Gréng kruten all Kéiers déi ronn 50 Stëmme vun hirer Fraktioun. 111 Deputéiert hunn en ongültege Stëmmziedel ofginn.