Verfassungsreferendum Chamberpresident wëll keen Datum nennen

Dem blo-rout-grénge Koalitiounsaccord no, soll nach an dëser Legislaturperiod ee Referendum iwwer déi nei Verfassung organiséiert ginn. Ob dat Verspriechen ka gehale ginn, ass awer ongewëss. Et sollt ee sech déi Zäit huelen, déi ee brauch, seet dozou de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo (LSAP).

Mick Entringer/po

mars di bartolmeo.jpg

Verfassungsreform: “Mir kréien dat ronn”

Zënter dem dräifache "Nee" beim konsultative Verfassungsreferendum am Juni ass onkloer, wéini dee bindende Referendum iwwer de ganzen Text vun der Verfassung organiséiert gëtt. 2016 wier ee gutt Joer fir d'Aarbecht um Niveau vun der Chamber ofzeschléissen, sou de Mars Di Bartolomeo. Et gëtt elo nach op een zousätzlechen Avis vum Staatsrot gewaart. An déi zoustänneg Chamberkommissioun beschäftegt sech mat den Ännerungsvirschléi, déi d'Bierger Online konnten areechen. Doduerch kënnt dem Chamberpresident no nach "Beweegung an den Dossier".

Nächst Joer géif dann och déi ëffentlech Diskussioun lancéiert ginn. D’Biergerforumen, déi deen Debat solle begleede sinn awer nach net opgestallt. Et misst ee kucken, de Referendum an "net suspekten Zäiten" iwwer d'Bühn ze bréngen. Et soll also evitéiert ginn, dass de Referendum ze no bei de Gemengewahlen 2017 an de Chamberwahlen 2018 wier. Zur Fro, ob nach an dëser Legislaturperiod kann iwwer d'Verfassung ofgestëmmt ginn, seet de Chamberpresident: "Mir schaffen op alle Fall drop hinn."

Deputéiert musse fir Inhalter stoen

“Mir hu Léieren aus dem massive Stress gezunn”, sot de Chamberpresident de Moie bei eis op der Antenn. Kuerz virum Joreswiessel goufen eng Rei wichteg Gesetzer ënner groussem Zäitdrock duerch d’Chamber geboxt. Et wär mat der Regierung ausgemaach ginn, datt an Zukunft bei komplexen Dossieren net op den Avis vum Staatsrot muss gewaart ginn, éier déi zoustänneg Chamberkommissioun sech domadder befaasst, esou de Mars di Bartolomeo. Et sollt een awer net d'Responsabilitéit op d'Regierung ofwälzen. Bei wichtegen Dossiere sollt d'Chamber "selbstbewosst" soen: "Mir hätte gär, dass mir eis elo domadder ausenaner setzen."

De Mars di Bartolomeo huet op en Neits dofir plaidéiert, dass d'Chamber méi op intern an extern Expertise zréck gräift, fir Dossiere besser kënnen ze traitéieren. Do wieren och d'Deputéiert gefuerdert, déi sech méi misste spezialiséieren. Hie géif sech erwaarden, dass d'Leit wëssen, a wéi engem Beräich een Deputéierte sech besonnesch gutt auskennt. "Et soll ee kënnen d'Käpp mat engem Inhalt verbannen. An do hu mir nach eppes ze dinn."

Sozial Ongläichheeten wuessen

D’Ongläichheeten bannent an tëscht den EU-Staaten ginn ëmmer méi grouss, seet de Mars di Bartolomeo. Dat géing zu extreme Spannunge féieren. Déi europäesch an och déi national Politiken hätten an de läschten Jore mat Austeritéitsmoossnamen ze vill eesäiteg den Akzent op dat Economescht geluecht. Woubäi een zu Lëtzebuerg den Ausdrock “Austeritéit” staark misst nuancéieren. Déi sozial Dimensioun wier awer vernoléissegt ginn.

Iwwert e staarken Sozialstaat kéint ee verhënneren, datt et zu engem Broch an der Gesellschaft kënnt. Eng staark Sozialversécherung géing net duer goen, fir ee "sozialen Triple A" ze verdéngen. Do misst een dem Chamberpresident no och aner Beräicher, wéi de Wunnengsmaart an de Chômage, mat berücksichtegen. “Do komme bei eis ze vill Leit ënnert d’Rieder”.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Weder e Jo nach e Nee bei der Referendumsfro iwwert d'Auslännerwahlrecht léisen d'Problemer am Zesummeliewen hei am Land
Audience in the conference hall.
Verfassungsreferendum

Ëmmer méi Deputéiert sinn der Meenung datt Hierscht 2017 net optimal ass. Haapt Argument ass, datt de Gemengewahlkampf an d'Campagne fir de Verfassungsreferendum da géife matenee vermëscht ginn.

Jean-Claude Franck Kommentar
Referendum

Egal wéi een et dréit a kéiert : d’Regierungsparteie kruten am konsultative Verfassungsreferendum vun dësem 7. Juni d’Rechnung. Dat mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen