arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Syndikat vun de Kierchefabriken weider u Plainte interesséiert

Trennung Kierch a Staat

|
reading time

4 min

Syndikat vun de Kierchefabriken weider u Plainte interesséiert

Et hätt ee scho laang kennen Ännerungen a Saache Kierchefabrike maachen, a Richtung vun enger Moderniséierung. Dat seet de Marc Linden, Vizepresident vum Syfel, dem Syndikat vun de Kierchefabriken. Hie kritiséiert awer d'Vitesse an "d'Radikalitéit" mat deem elo alles géif geschéien. De Marc Linden versteet net firwat den Dekret vun 1809 iwwerhaapt huet mussen ofgeännert ginn. D'Defiziter vun de Kierchefabrike wiere nämlech net grouss. De Syfel préift weider ob eng Plainte méiglech ass.

Christiane Kleer

reading time

4 min

D'läscht Woch huet d'Chamber mat de Stëmme vun der Majoritéit a vun déi Lénk den Dekret vun 1809 ofgeännert. Deen huet d'Gemengen dozou obligéiert, fir d'Defiziter vun der Kierchefabriken opzekommen. An am Text aus der Zäit vum Napoleon war och vermierkt, datt d'Gemenge musse fir den Ënnerhalt vun de Kierchegebaier opkommen, grad wéi fir d'Wunneng vum Paschtouer. Elo hunn d'Gemenge keng Obligatioun méi vis-à-vis vun den Defiziter vu Kierchefabriken, a mussen och net fir de Logement vum Paschtouer opkommen. 

De Syfel bleift dobäi: dat ass déi éischt Etapp fir d'Kierchefabriken ofzeschafen an dogéint wëll ee weider juristesch virgoen. Et muss awer lo nach gepréift ginn op de Syfel als ASBL ee Recours maache ka fir eng Entitéit, also eng Kierchefabrik, déi um lokale Plang verankert ass. "Ech denken, datt mir dat alleng als Syfel net kënne maachen, mee mir kënnen déi eenzel Kierchefabriken, déi Member bei eis sinn, ënnerstëtzen", sou de Marc Linden am Interview beim Carole Schimmer. 

Am Abrëll d'nächst Joer soll d'Bistum d'Aarbechten un engem Fong ofgeschloss hunn, an dee Kierchefabriken dann opginn an opgeléist ginn. Dofir wëll de Syfel lo sou séier wéi méiglech seng Aarbechten iwwer eng méiglech Plainte ofschléissen. 

"Gutt fir Modernisatioun"

Och wann de Syfel net averstan ass mat der Ofännerung vum Dekret, an allgemeng der Conventioun déi déi reliéis Gemeinschafte mam Staat ofgeschloss hunn, sou hätt déi Entwécklung awer eppes Positives. "Mir hunn eis elo mol als Kierch allgemeng zesummegeraaf hunn, fir eis ze moderniséieren. Dat ass gutt, well dat hätt een och kënne scho virun engem oder zwee Joerzéngte maachen", seet de Marc Linden. Hien fënnt awer "d'Radikalitéit" mat där lo virgaang gi wier "e bëssen iwwerdriwwen". 

An engems ass de Syfel géint d’Schafe vun deem Fong, deen ënnert der Tutelle vum Bistum géing stoen. Den Äerzbeschof géif d'Verwaltungsrotsmembere vun deem Organ ernennen, dat ass esou an der Conventioun virgesinn. De Marc Linden fäert awer, datt dat dann een zentralistesch organiséiert Organ mat Sëtz an der Stad géif ginn, an datt d’Leit an de klengen Entitéiten uechtert d’Land da just d’Roll vun engem "Handlaanger" hätten.

Wéinst den aktuellen Differenzen tëscht dem Bistum an dem SYFEL, ëm dee Spezialfong, hätten et bannent deene läschte Woche keng Gespréicher méi ginn, seet de Marc Linden. "De Bistum wëll dee Fong creéieren. D'Conventioun ass jo och vum Äerzbëschof ënnerschriwwe ginn, ënnert wéi enge Konditiounen, dat bleift sech awer nach ze froen. Op där anerer Säit wëll de Syfel dee Fong sou net", seet de Vize-President vum Syndikat vun de Kierchefabriken. 

Eng Kierchefabrik pro zivil Gemeng

Wat déi zukënfteg Organisatioun vun der Kierch ugeet, sou schléit de Syfel vir, datt eng zivil Gemeng, eng Por an och eng Kierchefabrik soll ginn. "Vu datt mir wëllen e Lien mat der ziviler Gemeng halen,  gesi mir dat ales einfachste Wee", sou de Marc Linden. De Syfel stellt och fest, datt déi aktuell Defiziter vun de Kierchefabriken – mat Ausnahm vun der Stad Lëtzebuerg mat der Kathedral – guer net sou grouss sinn (44.000 Euro am Joer 2010). De Marc Linden versteet dofir och net firwat déi "Tëschenetapp" a Form vun der Ofännerung vum Dekret "lo huet musse geholl ginn". Déi Ofännerung hätt nämlech keen Impakt op d'Defiziter vun de Kierchefabriken."Mir hunn eis scho gefrot firwat et déi Etapp géif gi deemools wéi d'Conventioun ënnerschriwwe ginn ass", sou de Marc Linden. Méiglecherweis wier eng "Ideologie" dohannert, "fir séier eppes ze maachen".  

De Marc Linden ënnersträicht awer, datt et net ëm ee politeschen Dossier géif goen. "Mir kruten am Ufank eng Kéier de Virworf gemaach, et géife CSV-Buergermeeschteren de Syfel leeden, mee dat stëmmt carrément net. Mir hunn net een CSV-Buergermeeschter am Verwaltungsrot oder am Comité", sou de Marc Linden, deen awer zougëtt datt vill einfach CSV-Memberen drënner sinn. "Et muss een awer och do soen: d'Kierchefabriken si gutt gefuer mat Buergermeeschtere vu jeglecher Couleur". Mat der Ofännerung vum Dekret géif sech allerdéngs lo "d'Spreu vum Weizen" trennen an d'Gemengepolitiker misste Faarf bekennen.