Neien Deputéierten Marc Baum trëtt op politesch Bühn

Den Acteur a Parteimataarbechter Marc Baum ass neien Députéierte vun "déi Lénk". Hien iwwerhëlt d'Successioun vum Serge Urbany, an domat och seng Dossieren. Nom Depart vum Justin Turpel ass dat e weidere Schrack an der Verjéngung vun der Partei.

Mick Entringer / ys

Marc Baum.JPG
Vereedegung vum Marc Baum (Foto: Chambre des Députés)

"Et ass geféierlech, wann den Deputéierte sech ze vill professionaliséiert - doduerch verléiert hien de Lien mat der Zivilgesellschaft," esou de Marc Baum. De professionellen Acteur ass an der Chamber als Députéierte vun déi Lénk vereedegt ginn. Hie wëll och an Zukunft säi Beruff weider ausüben. Dem Rotatiounsprinzip vu senger Partei no iwwerhëlt de Marc Baum d’Successioun vum Serge Urbany an domadder och seng Dossieren: Verfassungsreform, Ausnamezoustand a Sozialpolitik.

De Marc Baum war vun 2008 bis 2014 Conseiller am Gemengerot vun Esch. "Lokalpolitik gëtt dacks ënnerschat," seet hien, well op lokalem Plang géing sech dacks mat nationaler Politik beschäftegt ginn. "Lokal Politik brauch eng Opwäertung."

"Demokratie brauch ëmmer eng Verjéngung"

De Marc Baum hofft, datt mam Depart vum Serge Urbany an dem Justin Turpel virdrun, d’Positioun vun der Partei an der Chamber net geschwächt gëtt. "Mir wëssen, datt d’Lat héich läit." Als parlamentaresche Mataarbechter vun déi Lénk hätt hien awer d’Dossiere vu sengem Virgänger ganz no suivéiert.

Wat kënnen zwee Députéiert an der Chamber erreechen? "Et kann ee probéieren, Diskussiounen ze beaflossen an Debatten z'impulséieren, an duerch eng aner Perspektiven och en anere gesellschaftleche Klima mat era bréngen," esou de Marc Baum. Mat zwee Députéiert kéint een awer net zur "eigentlecher" Majoritéit oder Oppositioun bäidroen. D’Chamber wär awer e Forum, wou Iddien a wichteg Diskussioune kéinten ugestouss ginn.

"CSV-Politik gëtt vu Regierung weidergemaach"

D’Regierung wär hiren eegenen Uspréch net gerecht ginn, de Bilan an der Halschent vun der Legislatur wär enttäuschent. Et wär ugekënnegt ginn, datt d’Fënstere grouss opgerappt géinge ginn. Dem Deputéierte vun déi Lénk no géing een dat awer net feststellen.

"Déi al CSV-Politik gëtt weidergemaach mat engem anere Stil. Et ass eigentlech ëmmer nach déi selwecht Gouvernance", esou de Marc Baum.

"An der Chamber gëtt et eng risegrouss Mëtt mat der CSV, LSAP, DP an déi gréng." D’LSAP an déi gréng hätte weider un Identitéit verluer, well se déi éischt zwee Joer eng Austeritéitspolitik bedriwwen hunn.

Réckewand fir lénk Parteien

"Lénk Parteie sinn eng Necessitéit, un déi ganz vill Jonker adheréieren." Dem Marc Baum no géing et eng Oppositioun géint déi riets-nationalsozialistesch Tendenzen an Europa ginn, déi am wuesse wär.

"Gesellschaftlech Verännerunge kommen, wann d'Leit net zefridde sinn." D’Sozialsituatioun an Europa an zu Lëtzebuerg géing mat sech bréngen, datt ëmmer méi Leit den historesche Gewënn vun engem bestëmmten economesche Modell a Fro stellen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Paul Zahlen.JPG
STATEC Etude

D'Lëtzebuerger hu méi Vertrauen an d'Police an an d'Justiz wéi an d'Regierung oder an d'Parlament. Dat geet aus enger Etude vum STATEC ervir. D'politesch Parteie kommen am schlechtesten ewech.

Justin Turpel.JPG

Den Deputéierte vun déi Lénk spuert net mat Kritik un deene Gréngen an der LSAP. Béid Parteie stéingen ënnert der Iwwermuecht vun de liberale Kräften an der Regierung.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen