Lesbos Manner Flüchtlingen a kaum Touristen

Zënter dem Flüchtlingsaccord tëscht der EU an der Tierkei, deen zanter Mäerz a Kraaft ass, komme vill manner Flüchtlingen iwwer Lesbos an Europa. Als Vakanzendestinatioun huet déi griichesch Insel dëse Summer trotzdem guer kee Succès.

Alkyone Karamonolis (Lesbos) / jcm

Lesbos
Et komme kaum Touristen op déi griichesch Insel (Foto: Alkyone Karamonolis)

Et ass ugangs August, touristesch Haaptsaison. Dem Theofilos Chavoutsiotis säin Hotel op der Insel Lesbos ass just zu 15 Prozent beluecht. Den Hotelier kritt seng Onkäschten net gedeckt. "De finanzielle Verloscht gëtt all Dag méi grouss. Mir maache just weider, well mir hoffen datt d'Situatioun sech zum Gudden ännert. Wann ee realistesch wär, misst een den Hotel zoumaachen."

60 Prozent manner Reservatiounen

Griiche selwer komme wéinst der precairer economescher Situatioun schonn zanter Joren net méi. An dëst Joer feelen och Touristen aus dem Ausland. D'Hotelieren, d'Guiden, d'Gastronomen an d'Geschäftsleit sëtzen all am selwechte Boot. Fir de President vum lokalen Hoteliers-Verband ass d'Saison 2016 scho verluer. "D'lescht Joer hate mir 35 Flich pro Woch op Lesbos. Dëst Joer hu mir mat 8 Flich ugefaangen. D'Tour-Operateuren hu wuel op 12 Flich pro Woch opgestockt, et ass awer eng Katastroph. Den Tourismus op der Insel ass wéi ausgeläscht", sou den Periklis Antoniou.

Dem Theofilos Chavoutsiotis säin Hotel ass just mat 15 Prozent beluecht (Foto: Alkyone Karamonolis)

No de chaotesche Wochen a Méint hunn d'Autoritéiten d'Situatioun an de Grëff kritt. Flüchtlinge goufen aus dem Waasser gerett a vun do an Éischt-Hëllef-Strukturen an d'Hannerland bruecht. Och duerch d'Tatsaach datt mam Türkei-Accord bal keng Flüchtlinge méi op Lesbos kommen, huet den Tourismus sech net erkritt. Op der Insel hofft een, datt den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan den Accord mat der EU net fale léisst, fir datt an der Nosaison nach Touriste kéinte kommen.

Finanzielle Verloscht net méi auszegläichen

Den Hotelier Theofilos Chavoutsiotis hat virun e puer Joer e gréissere Prêt gemaach fir säin Hotel ze renovéieren an ze vergréisseren. En Deel vum Prêt sollt hien iwwert e staatleche Subventiouns-Programm erëm kréien. Déi versprache Sue leien awer zanter 2012 wéinst eidele Keesen op Äis. D'Rechnung ass deemno séier gemaach.

Bei déi bal inexistent Recettë kommen dëst Joer nach méi héich Depensen. Leschten Hierscht ass d'TVA op den Iwwernuechtungen an der Restauratioun op Drock vun de Creanciere vu Griicheland erhéicht ginn. Am Wanter kënnt nach eng zweet Hausse derbäi. Fir den Hotelier Theofilos Chavoutsiotis, grad ewéi fir vill aner Inselbewunner vu Lesbos geet et den Ament ëm alles oder näischt.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Alkyone Karamanolis
Lauschteren

Méi zum Thema

Flüchtlingen an engem Boot um Mëttelmier
Flüchtlingen

Et komme manner Flüchtlingen an Europa un. Trotzdem ass d'Zuel vun den Doudesaffer am Mëttelmier par Rapport zu 2015 geklomm. Iwwer 3.000 Flüchtlinge sinn zanter Ufank vum Joer gestuerwen.

Lesbos.JPG
Griicheland

Déi griichesch Insel Lesbos steet viru villen Erausfuerderungen. Ee wichtegt Standbeen, den Tourismus, ass amgaang anzebriechen. De Grond dofir ass d'Flüchtlingskris, mee nach laang net nëmmen. 

lesbos.jpg
Flüchtlingen

Déi lokal Autoritéite op der griichescher Insel sinn iwwerfuerdert, mee et fehlt och um politesche Wëllen den Accueil vun de Flüchtlinge serieux z’organiséieren. E Reportage vun der Plaz.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen