Demo a Géigendemo Demonstratiounen an der Stad

Fir eng weider sougenannte "Marche blanche silencieuse" hate sech de Freideg den Owend virun der Philharmonie um Kierchbierg e puer honnert Leit versammelt: zum ganz groussen Deel haten d'Leit keng Mask op. D'Police schwätzt vu maximal 300 Participanten.

Serge Kesseler / cz

Manifestatioun an der Stad 1

Um Bord dovu gouf et eng Géigenaktioun ënnert dem Motto "Covidioten net d'Strooss iwwerloossen". Organiséiert war dës Aktioun vun "Zentrum20", enger Organisatioun, déi hiren Opruff iwwer Instagram gemaach hat. Bei der Aktioun vun enger Stonn matgemaach hu gëschter Owend eng 15 Leit, dorënner virun allem Jonker.

Lauschteren

"Dat hei ass éischter wierklech symbolesch fir ze weisen, datt et net ka sinn, datt an Zäite wou iwwer 2.000 Fäll den Dag sinn, Leit ouni Mask demonstréiere géint d'Mesuren, géint d'Impfung, wat komplett onsënneg ass, menger Meenung no."

Een anere Mat-Organisateur vun "Zentrum20" seet:

"Dat heiten ass elo mol fir d'éischt eng eemoleg Aktioun. Mir hunn net vir elo all Demonstratioun vun hinnen ze blockéieren, zemools net déi wou mer wëssen, dass Gewalt wäert am Spill sinn, well mir géint Gewalt sinn an all Eskalatioun wëlle vermeiden."

Souwäit zwee vun den Organisateure vun "Zentrum20", déi hiren Numm net um Radio wëllen héieren. D'Aktioun de Freideg den Owend virun der Philharmonie ass friddlech bliwwen. Vill Police-Beamten hate sech tëschent d'Demonstrante vu béide Grupp gestallt.

Déi eng éischt Demonstratioun hätt um véierel op 7 Auer opgehalen, déi zweet hätt sech vun 20 Auer un ugefaangen opzeléisen, esou d'Police an hirem Bericht.

Méi zum Thema

4 Membere vum Expertegrupp neie Cadrage
Avis

De wëssenschaftlechen Expertegrupp recommandéiert eng op eenzel Gruppen an zäitlech limitéiert Impfflicht anzeféieren: Esou eng Obligatioun sollt fir Leit iwwer 50 Joer gëllen, grad ewéi fir Medeziner an anert Personal am Gesondheets- a Fleegesecteur.

Antigen Schnelltest
Testoffer

Lëtzebuerg féiert dëse 15. Januar den obligatoreschen 3G op der Aarbecht an. Fir ongeimpft Méindes op d'Aarbecht ze kommen, muss ee sech Méindes oder Sonndes testen. D'Méiglechkeete fir sech Sonndes testen ze loossen sinn awer begrenzt.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen