Ëffentlechen Transport Mam Zuch an ënner zwou Stonnen op Bréissel?

Ëmmer nees gouf doriwwer geschwat, geschwë kéint et Realitéit ginn: Eng séier Zuchverbindung mam Pendolino zwëschent der Schwäiz a Bréissel. Déi géif Lëtzebuerg besser un déi belsch Haaptstad ubannen.

Serge Kesseler / ys

Pendolino zu Montreux
E Pendolino vun der SBB zu Montreux (© ALSTOM / TOMA – C. Sasso)

De Projet fir Pendolino-Zich tëschent der Schwäiz a Bréissel fueren ze loossen, kéint relancéiert ginn. Dat seet de François Bausch am 100,7-Interview.

Den Nohaltegkeets- an Infrastruktur-Minister hat um Bord vun der Ouverture vum Gotthard-Tunnel an der Schwäiz Gespréicher mam neie belschen Transportminister François Bellot, mat der Schwäizer Ministerin Doris Leuthard a mat der Schwäizer Eisebunn.

Pendolino-Zich hunn eng aktiv Neigetechnik a si kënne méi séier an de Kéiere fueren. Mat deem Zuchtyp - an nom Ausbau vun der Zuch-Streck - wier et méiglech, a manner wéi zwou Stonne vu Lëtzebuerg op Bréissel ze fueren, esou de François Bausch. Däitlech manner also, wéi de Moment. Wéini dat kéint méiglech ginn, wier awer nach net gewosst.

"Eng formidabel Saach"

“E Pendolino-Zuch op där Streck wier eng formidabel Saach, och fir eis”, esou de François Bausch.

Bei der Entrevue vun de Regierunge vun der Belsch a Lëtzebuerg am Juli an der Gäichel soll virun iwwert de Projet Pendolino-Zich diskutéiert ginn.

Virun zwee Joer hat et geheescht, datt eng Maart-Etude zur Conclusioun komm ass, datt eng Pendolino-Verbindung tëschent Bréissel a Basel net rentabel genuch wier. Aus den Iddie vun CFL, SNCF, SNCB an der Schwäizer SBB gemeinsam tëschent Bréissel a Basel via Stroossbuerg a Lëtzebuerg där Zich fueren ze loosse, gëtt näischt, hat d’Lëtzebuerger Land den 23. Mee 2014 geschriwwen.

D’Iddi fir där Zich op dëser Streck anzesetzen, ass schonn zënter ville Joren ëmmer erëm am Gespréich: e.a. an de Joren 2008 an 2012 war dovu rieds gaangen.

Pendolino-Zich gi vum franséische Konzern Alstom gebaut. Déi aktiv Neigetechnik gouf vu Fiat aus Italien entwéckelt.

Méi zum Thema

findel kontroll ana.JPG
Findel

De Kontrollerverband LACA gleeft dem Minister Bausch net, wann dee vu “Synergie” schwätzt. Engem auslännesche Bedreiwer d’Kontroll vum Loftraum iwwerloosse wier eng Auslagerung.

ryanair2.JPG
Findel

Ryanair operéiert vum 1. September un och um Findel. Fir Luxair Group stellt d'Bëllegfluchgesellschaft "eng grouss Konkurrenz an eng Gefor" duer.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen