arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Entwécklungspotenzial vun der Logistik-Branche

Cluster for Logistics

|
reading time

2 min

Entwécklungspotenzial vun der Logistik-Branche

Am Logistik-Secteur schaffen iwwer 13.000 Leit zu Lëtzebuerg. Mam neien Zuch-Terminal zu Beetebuerg an duerch eng besser Verzahnung vun de verschiddenen Transportmëttel huet d'Branche Entwécklungspotenzial.

reading time

2 min

Dëst Joer gëtt mam neien Zuch-Terminal zu Beetebuerg eng wichteg Infrastruktur fir de Logistikberäich fäerdeg, esou de Malik Zeniti. De Manager vun der asbl  "Cluster for Logistics" gesäit groussen Entwécklungspotential fir de Secteur an deem 13-14.000 Leit schaffen an deen zu Lëtzebuerg 700 Entreprisë regroupéiert. Et misst een d’Entwécklungen ofwaarden, wat den Impakt vun de méi bëllege Spritpräisser an den Autobunnstaxen am noen Ausland mat sech bréngt. Dem Malik Zeniti no huet d’Regierung eng deementspriechend Etude an Optrag ginn.

Ausbau vum Multimodal

En Avantage wär, datt déi verschidden Transportbranchen (Strooss, Fliger a Zuch) deels scho matenee verzahnt wären. An Zukunft wäert sech dës Zesummenaarbecht mam Ausbau vum "Multimodal" zu Lëtzebuerg nach weider entwéckelen, seet de Logistikexpert. "Déi Leit musse léiere mateneen zesummen ze schaffen". Et géing wéineg Logistikplaze ginn, déi Strooss, Fliger an Zuch matenee verbannen, dat wär eng Chance fir de Secteur zu Lëtzebuerg.

Freeport ass Vertrauenssaach

Den Handicap vum Freeport fir e Mehrwäert fir d’Logistikbranch ze sinn, ass, datt een et an deem Beräich mat enger Vertrauenssaach ze dinn huet, esou de Malik Zeniti. Dat géing sech net vun haut op muer opbauen.