Klimapolitik Majoritéit vun EU-Länner ereechen Emissiounsziler net

All Joer stierwen an der Europäescher Unioun 400.000 Leit un de Suitte vu knaschteger Loft. D'EU huet sech zum Zil gemaach, déi Zuel bis 2030 op d'Hallschent ze reduzéieren an och eng entspriechend Direktiv a Kraaft gesat. Allerdéngs mussen d'Memberlänner nach een Zant bäileeën, well bis elo si si mat hire Mesuren hannendran. Alarmant ass och, datt d'Emissioune vun neien Autoe weider eropginn. Wéi gesäit et also aus mat den Efforten, fir méi eng propper Loft an der EU ze suergen?

Danièle Weber (Bréissel) / Simon Larosche / cbi

Analys Danièle Weber
D'Danièle Weber ass 100,7-Korrespondentin zu Bréissel. Foto: Elke Weber (Archiv)

Engem rezente Rapport vun der Europäescher Kommissioun no géifen déi meescht EU-Memberlänner hir Emissiounsziler fir 2020 an 2030 net erreechen. Dat passt net gutt an d'Bild vum annoncéierte Green Deal.

Nee, et besteet leider keen Zweiwel drun, datt d'EU bis elo net "on track" ass, wann et ëm d'Mesurë géint knaschteg Loft geet. Dee Rapport vun der Kommissioun - deen Enn der leschter Woch publizéiert gouf - schwätzt do eng kloer Sprooch.

Déi meescht Memberlänner géifen also hir Emissiounsziler fir 2020 an 2030 net erreechen. Bis 2020 sinn et just zéng Länner, dorënner d'Belsch, Holland, Griichenland a Portugal, déi hir Ziler erreechen - Lëtzebuerg ass net dorënner. An et wiere just véier Länner, nämlech Kroatien, Zypern, Holland a Finnland, déi hir Ziler fir 2030 anhale kéinten.

Am meeschte responsabel dofir ass Ammoniak, deen zu 95 Prozent an d'Loft geréit, doduerch datt an der Landwirtschaft Dünger agesat gëtt. Fir d'Emissioune vum Ammoniak goufe speziell Ziler festgehalen, a Lëtzebuerg géif déi an de Projektioune vun der Kommissioun weder fir 2020 nach fir 2030 erreechen.

D'Kommissioun huet och Zenarie projezéiert, déi op zousätzleche Mesuren, déi d'Länner huele wëllen, berouen. Och déi weisen, datt déi Mesuren a ville Fäll net duer ginn.

Den zoustännegen EU-Kommissär Virginijus Sinkevičius huet deemno een Appell lancéiert, datt d'Memberlänner méi effikass Mesurë mussen huelen, fir géint Loftverschmotzung virzegoen. Notamment an der Landwirtschaft, awer och dem Energie- an Transportsecteur.

Duerch de Lockdown ass d'Loft vill méi propper ginn, huet et dacks geheescht. Huet Corona dann elo awer am Endeffekt net gehollef?

An deem Rapport vun der Kommissioun sinn natierlech déi positiv Effete vun der Corona-Kris nach net mat aberechent - also déi positiv Konsequenze fir d'Loftqualitéit vum Confinement, wou et wéineg Verkéier op de Stroossen an an der Loft gouf, a wou déi industriell Produktioun an Europa eng ganz Zäit bal op Null erofgefuer gouf.

Dëse Rapport baséiert op Zuelen a Kontrollprogrammer fir d'Loftqualitéit, déi d'Memberstaaten bis am Abrëll zejoert hu missen zu Bréissel erareechen. Déi Rapporte sinn zwangsleefeg ëmmer e bëssen hannendran.

D'Kommissioun huet iwwregens ee Mangel un Transparenz beklot an hirem Rapport. Eng Majoritéit vu Memberlänner - an dozou gehéiert och Lëtzebuerg - hunn net genuch Detailer iwwer hir Methode matgeliwwert - notamment och doriwwer, wéi si hir Projektioune fir d'Zukunft gerechent hunn.

Nach ass net alles verluer - duerch weider Mesurë kann nach eppes geschéien, esou datt d'Ziler vun 2030 awer nach erreecht ginn. Zum Beispill soll jo den Asaz vun Dünger enger Propos vun der Kommissioun no an der EU ëm 20 Prozent bannent den nächsten zéng Joer reduzéiert ginn. Dat kéint hëllefen.

De Lockdown hat ganz sécher ee positiven Effekt - do ass et awer nach ze fréi ze soen, wéi vill dat duerno wäert ausmaachen. Et gëtt och schonn Etüden déi weisen, datt verschidden Emissiounswäerter nees an d'Luucht ginn, virun allem an den europäeschen Haaptstied, wat jo net verwonnerlech ass, well den Trafic ass dacks nees um Niveau vu virum Confinement.

Eng aner Etüd weist, datt Emissioune vun Autoen eropginn - an zwar net well de Lockdown eriwwer ass.

Jo, déi Zuele vun der Europäescher Ëmweltagence hunn effektiv näischt mam Lockdown ze dinn. Si bezéie sech op d'CO2-Emissioune vun Autoen a Liwwerween, déi 2019 nei zougelooss goufen. An déi Emissioune klammen. Nodeems se tëschent 2010 an 2016 konstant erofgaange sinn, gi se zanter 2017 nees erop. Gekuckt goufen d'CO2-Emissioune vun neien Autoen, déi an der EU, Groussbritannien, Island an Norwegen zougelooss goufen.

An der Moyenne ass d'CO2-Emissioun an deene Länner zejoert ëm 1,6 Gramm CO2 pro Kilometer geklommen a läit elo bei 122,4 Gramm pro Kilometer. Als Ursaach gëtt d'Ëmweltagence un, datt d'Autoe weiderhin ëmmer méi staark Moteuren hunn, an datt d'Zuel vun den SUVe weiderhi klëmmt. Iwwer een Drëttel vun den Autoen, déi an deene Länner nei zougelooss goufen, si SUVen.

Op där anerer Säit geet awer den Undeel vun Hybrid oder elektreschen Autoen nëmme lues an d'Luucht. Konkret ass e vun 2 op 3,5 Prozent geklommen. Dat ass also allgemeng nach ëmmer niddreg. Am meeschten Elektroautoe goufen an Norwegen zougelooss: do si mëttlerweil iwwer d'Hallschent vun den Autoen, déi nei zougelooss ginn, Elektro- oder Hybridautoen. Duerno kënnt laang näischt, dann Island mat 19 Prozent, Holland mat 16 a Schwede mat 12 Prozent. Dat waren och déi eenzeg Länner, an deenen d'Emissioune vun Autoen an der Moyenne erofgaange sinn.

Et muss een dobäi soen, datt d'Wäerter vun den Emissioune vun den eenzelen Autosmodeller net iwwer deem leien, wat erlaabt ass. Si sinn einfach am Ganzen ze héich. D'Autoshiersteller missten also weider Efforte maachen, fir hir Ziler ze erreechen, ënnersträicht d'Ëmweltagence virun allem och, well d'Limitten am nächste Joer weider erofginn.

ONGe wéi Transport and Environment verlaangen, datt Automobilindustrie manner aggressiv fir lukrativ SUVe Reklamm mécht.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Carole Dieschbourg.JPG
Klimapolitik

Wéinst der Corona-Kris wäert Lëtzebuerg seng Klimaziler fir 2020 wuel awer erreechen. D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg hält eng Hausse vun den Accisen um Sprit dowéinst elo net fir néideg.

CO2-Ausstouss
Klimapolitik

De Staatsrot fuerdert a sengem Avis zum Projet, datt d'Emissiounsziler fir déi verschidde Secteuren am Gesetz misste stoen. Virgesinn ass, datt d'Zäregasemissioune bis 2030 ëm 55 Prozent reduzéiert ginn.

COP25
EU-KLIMAPOLITIK

Huet d'EU et verdéngt, sech de Leader am Klimaschutz ze nennen? Der Europäescher Ëmwelt-Agence no kéinten d'Klimaziler net erreecht ginn. Virun allem kuerzfristeg misst d'EU konkret Mesuren decidéieren, soe Klimaschützer.

Illustratioun Artikel Klimaschutzgesetz
Klimaschutz

D'Regierung wëllt hir Klimaziler an engem Gesetz festschreiwen a sech eng Prozedur ginn, wéi déi Ziler sollen erreecht ginn. D'Emissioune sollen a fënnef Secteure reduzéiert ginn. Dat geet aus dem Avant-projet de loi ervir, deen eis virläit.

Programm

Net verpassen

  • AutorInne-Lies

    Autorinnelies final

    Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen. 

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen