Magic Money Multiplier?

De President vun der Europäescher Kommissioun, Jean-Claude Juncker, huet des Woch säi Plang virgeluecht fir en neien Europäesche Fong fir strategesch Investitiounen, e wirtschaftleche Stimulus-Programm. Des Propositioun ass eng politesch Reaktioun op en enormen Défi: dee vum persistent héije Chômage. De Plang lieft och op der Hypothes, dass Économie a Croissance net Selbstzwecker sinn, mä am Dingscht vun de Leit stoe mussen. D’Wirtschaftschronik vum Jean-Paul Hoffmann.

 

Et ass e ganz ambitiéise Projet, deen de Jean-Claude Juncker, President vun der Europäescher Kommissioun, dëser Deeg virgeluecht huet:


  • 315 Milliarden Euro fir en neien europäesche Fong fir strategesch Investitiounen, fir der europäescher Ekonomie op d’Spréng ze hëllefen.

  • An eng ongewéinlech Finanzéierungs-Mechanik: Mat “nëmmen” 21  Milliarden EU-Gelder, héich ge-leveraged duerch den Asaz vu privatem Kapital, soll déi genannten Enveloppe vun 315 Milliarden zustane kommen.

’Propositioun vum Jean-Claude Juncker ass eng politesch Reaktioun op en enormen Défi.

Europa, d’Eurozone, ass zanter laangem geplot mat engem vill ze héijen a persistente Chômagetaux. Iwwer 24 Millioune Leit an Europa, an iwwer 18 Millioune Leit an der Eurozone, waren am September ouni Aarbecht. Fir dass nei Aarbechtsplaze kenne geschafe ginn, muss d’Ekonomie stimuléiert ginn a wuessen – dëst ass de Prinzip, den dem Juncker-Fong zu Grond läit.

Mä grad beim Wuesstem vun der Wirtschaft klemmt et. Trotz Relance-Programmen, an zum Deel grad wéinst orthodoxen, budgetäre Sanéierungs-Politiken, stinn d’Ekonomie vun der Eurozone méiglecherweis virun enger laanger Period vu wirtschaftlecher Stagnatioun. Et vergeet an der Läscht kaum eng Woch, wou net esou eng Warnung vun enger internationaler Institutioun geäussert gëtt.

D ‘Croissance vum PIB schwächelt. A kee wëllt investéieren, wa keng Perspektiv vu Wuesstem do ass. D’Gespenst vun der Deflatioun geeschtert duerch d’Landschaft.

De Chefekonomist vun der Europäescher Zentralbank huet dëser Deeg gewarnt, dass de Wuesstems-Pessimismus effektiv als Brems fir d’Wirtschaft agéiert. Et schéngt alles wéi eng Self-Fulfilling Prophecy.

Dëst stemmt  iwweregens och fir déi méi dynamesch Ekonomien aus der Eurozone. Och hei zu Lëtzebuerg huet dëser Deeg de STATEC d’Wuesstems-Pronosticken no ënne revidéiert. Dobäi bemierkbar mécht sech och den Impakt, deen den Zukunftspak fir d’Sanéierung vun den ëffentleche Finanzen huet.

De Stimulus-Package vum Jean-Claude Juncker versicht op europäeschem Niveau nei Opportunitéite fir Investissementer ze schafen.  Zu engem Zäitpunkt wou Geld disponibel ass, wou d’Zënspolitik awer onproduktiv “Spueren” découragéiert, soll de Juncker-Plang wirtschaftlech sënnvoll Alternative förderen.

Allerdéngs bleiwen e puer spannend Froen. Den héije leverage mécht aus dem System eppes wéi ee Magic Money Multiplier, wéi ee sot. Hannert dem Witz steet d’Fro, wellech nei Projeten da fir privat Investisseuren wierklech interessant sinn. Well déi musse jo och mol nach iwwerzeegt ginn, fir iwwer 280 Milliarden Euro op den Dësch ze leeën fir Investissementer, wou de Risiko kontrolabel bleift, a wou och en dezente Rendement wénkt. Et bleift och ze klären, wéi de Screening, an de Follow-Up vun dëse Projeten soll funktionéiren. An ob hei net just eng nei Verpakung fir Projeten proposéiert gëtt, déi - zumindest deelweis - souwisou realiséiert a finanzéiert gi wären.

De Juncker-Plang ass  kreativ a lieft op der Hypothes, dass Ekonomie a Croissance keng Selbstzwecker sinn, mä am Dingscht vun de Leit mussen stoen. Ob dat dann esou riicht räisst, muss sech nach weisen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen