Lydie Polfer fënnt Invitatioun vum Whistleblower Deltour net opportun

Déi Stater Buergermeeschterin Lydie Polfer fënnt et net opportun, de fréiere Mataarbechter vu PricewaterHouseCoopers, Antoine Deltour, op eng Diskussioun an der Stater Cinemathéik z’invitéieren.

d’Wochenzeitung Woxx schreift iwwer Rumeuren, d’Stad Lëtzebuerg hätt eng fir nächste Méinde geplangten Debatt mam franséische Whistleblower, duerch deen de LuxLeaks-Skandal ausgebrach ass, verhënnert. Eng Invitatioun stoung am Gespréich, mee den Antoine Deltour gouf net ausgelueden, sou d’Lydie Polfer am 100,7-Interview.

d’DP-Politikerin Lydie Polfer begrënnt hier Entscheedung mam Argument, datt de fréiere PWC-Mataarbechter vum Lëtzebuerger Parquet inculpéiert ginn ass. Den Antoine Deltour huet zouginn, Tax Rulinge bei sengem fréiere Patron kopéiert a weiderginn ze hunn. Enger Schold wier hie sech awer net bewosst. De Whistleblower waart elo op säi Prozess.

Hei der Stater Buergermeeschterin hier Äntwert op d'Fro, ob den Antoine Deltour ausgeluede ginn ass:

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen