Kierchefabricken “Fir eis sinn d’Proprietéitsverhältnisser kloer”
Mat zwielef vun am ganzen 19 Kierchefabricken ass sech d’Gemeng Lëtzebuerg de leschte Mëttwoch eens ginn. Mee och déi aner wäerte mussen akzeptéieren, datt d’Gemeng de Proprietaire vun deene meeschte Kierchegebaier ass, gëtt d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer ze verstoen.
Vun den am ganzen 23 Kierchen um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg wieren, der Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) no, der “zwou kloer am Besëtz” vun de Kierchefabricken: d’Kapellen um Glacis an um Kierchbierg. Duerch d’Konventioun, déi d’Gemeng mat zwielef vun den 19 Kierchefabricken ënnerschriwwen huet, wieren d’Besëtzverhältnisser vu 16 Kierchen zugonschte vun der Gemeng gekläert.
Siwe Kierchefabricken hunn net ënnerschriwwen. Wat geschitt elo mat den deementspriechende Gebaier an dem Patrimoine, deen dozou gehéiert? “Vu datt fir eis d’Proprietéitsverhältnisser kloer sinn, gi mir all déi Akten an de Ministère”, sot d’Lydie Polfer am Interview mam Maxi Pesch. Dem Gesetz no sollt alles bis Enn Dezember gekläert ginn. “Mir wäerten deen Datum anhalen”. Den zukünftege Fong vum Bistum, deem déi 21 Kierche sollen iwwerschriwwe ginn, misste sech awer nach bereet erklären, fir d’Gebaier opzekommen.
Widderstand vu siwe Kierchefabricken
Déi Stater Buergermeeschtesch mengt, de Widderstand vu siwe Kierchefabricken hätt manner mat de d’Proprietéitsverhältnisser ze dinn. Villméi wéilten se “zum Ausdrock bréngen, datt se mat där Aart a Weis, wéi hei virgaange gëtt, fir Kierchefabricken ofzeschafen an en neie Fong ze grënnen, net averstane sinn”.
Allerdéngs seet de Paschtouer vun Hollerech a Gasperech Romain Krüger, et géif keen Akt vum Notaire ginn. Et wier deemno net kloer, ob d’Kierche gratis zur Verfügung gestallt gi sinn oder ausgetosch goufen. Wat d’Hollerecher Kierch betrëfft, wier et fir d’Lydie Polfer “ganz kloer, datt d’Terrainen der Stad Lëtzebuerg gehéieren an datt d’Stad Lëtzebuerg e Prêt opgeholl huet”. Déi liberal Politikerin bezitt sech op de Code civil: wiem den Terrain gehéiert, deem géif och gehéiere wat drop steet. “Wa mir eppes kafen, brauche mir keen acte notarié ze maachen. Mir sinn eisen eegenen Notaire”.
Spezialstatut fir d’Kathedral
D’Lydie Polfer seet, datt vill Privatleit gehollef hätten, d’Kierch ze bauen. “Ebe just fir dat ze respektéiere si mir bereet, d’Kierchen dem Fong zur Verfügung ze stellen, fir datt an Zukunft do kënne kathoulesch Masse gehale ginn”.
De Fall vun der Kathedral soll deemnächst gekläert ginn. Och si gehéiert der Stad Lëtzebuerg, huet awer – grad ewéi d’Basilika vun Iechternach – ee Spezialstatut. Nach dëse Mount géif mam Staat eng Konventioun ënnerschriwwe ginn. Well et sech em national Gebaier handelt, misst de Staat sech engagéieren, d’Käschte matzedroen, sou déi Stater Buergermeeschtesch.