Lycéesreform gëtt iwwerschafft
Den Educatiounsminister wëll de Projet de loi iwwert d‘Lycéesreform an der Form integral iwwerschaffen, woubäi déi generell Ausriichtung déi selwecht soll bleiwen; sot op Nofro hin de Claude Meisch. Dat soll am Dialog mat den Acteure vum Terrain geschéien. Ugangs d’nächst Joer wëll de Minister d’Gespréicher mat hinnen ophuelen. En Datum wéini e neie Projet de Loi iwwert d’Lycéesreform prett kéint sinn wollt de Claude Meisch net nennen. Am Laf vum nächste Joer wäerten awer punktuell Gesetzprojeten iwwert d’Lycéen deponéiert ginn fir den Zäitraum bis zu engem globale Gesetz ze iwwerbrécken.
Den Avis vum Staatsrot ënnerstëtzt déi prinzipiell Zilsetzung vum Projet de loi, mee formuléiert wéinst verfassungsrechtlechen Aspekter eng Partie “oppositions formelles”.
De Reportage vum Mick Entringer: