6 Méint Krich an der Ukrain LUkraine: Schwiereg 6 Méint fir Ukrainer:innen zu Lëtzebuerg

De Mëttwoch sinn et op den Dag sechs Méint, datt Russland an d'Ukrain amarschéiert ass. Et hätt ee schwiereg sechs Méint hannert sech, mee et wier een immens houfreg op d'Nouthëllef an d'Noutfallmesuren, déi ee fir d'Ukrain vu Lëtzebuerg aus konnt leeschten, sou den Nicolas Zharov, President vun der Associatioun LUkraine de Mëtten virun der Press.

Marlène Clement / cz

Nicolas Zharov riets LUKRAINE
Den Nicolas Zharov (riets) vun der Organisatioun LUkraine (Foto: ukrainians.lu)

Lauschteren

Zéng equipéiert Ambulanzen, 44 Palette mat medezinescher Versuergung a 770 Tonnen Hëllefsgidder wieren an de lescht Méint mat Hëllef vun der Associatioun an d'Ukrain geschéckt ginn. Nieft der humanitärer Hëllef an der Ukrain selwer, këmmert LUkraine sech och em déi ukrainesche Refugiéen zu Lëtzebuerg. Esou konnten iwwer 1.000 Refugiéen zu Lëtzebuerg bei Privatleit oder a Strukturen ënnerbruecht ginn. fënnef bis zéng Prozent vun den ukrainesche Refugiéë wieren an Tëschenzäit nees zeréck an hir Heemecht gaangen, ënnert anerem wéinst der Logementsproblematik, seet d'Olena Klopota Generalsekretärin vu LUkraine.

Am Moment hätt een nach keng definitiv Léisung, mee et géif een zesumme mat der Caritas, mat der Croix Rouge a verschiddene Ministèren no Léisunge sichen, fir de Leit Logement zur Verfügung ze stellen.

LUkraine fuerdert weider eng besser Kommunikatioun

Eng Zesummenaarbecht déi sech den Ament awer als net esou einfach erausstellt, erkläert de President vu LUkraine den Nicolas Zharov eis erkläert. Et géif Kommunikatiounsprobleemer mat Ministère ginn.

"Monsieur Bettel a annoncé lors de notre premier rendez-vous, qu'il y aurait un groupe interministériel qui serait créé, mais à ce jour ce groupe n'est pas créé."

Onkloerheet ronderëm de Schutzstatus

Och wat d'Aarbechtssituatioun vu verschidden ukrainesche Flüchtlingen zu Lëtzebuerg ugeet, géif et nach Onkloerheeten, sou den Nicolas Zharov. Am Moment wier zum Beispill nach net kloer, wéi et mam temporäre Schutzstatus vun den Ukrainer:innen zu Lëtzebuerg viru geet.

De Statut de Protection temporaire fir ukrainesch Refugiéë gëllt nach bis de 4 Mäerz 2023. Esou laang d'EU et net anescht decidéiert, gëtt de Statut nom véierte Mäerz, maximal fir ee Joer verlängert.

Méi zum Thema

Nicolas Zharov riets LUKRAINE
Gesellschaft

Den Accueil zu Lëtzebuerg vun den ukrainesche Refugiée wier no dräi Méint Krich ewell besser rodéiert, mee et géif nach ëmmer un Zesummenaarbecht a Koordinatioun tëschent den zoustännegen Familljen- an dem Ausseministère feelen, sou d'Associatioun LUkraine.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen