Luc Frieden iwwert Steierpolitik vun der Regierung: "absolut Kontinuitéit”
De fréieren CSV-Finanzminister Luc Frieden wiert sech am 100,7-Interview géint de Virworf vu sengem Nofolger Pierre Gramegna, während senger Amtszäit net verhënnert ze hunn, datt de Grand-Duché op eng OECD-Lëscht vu net-kooperative Staate gesat gouf. Domat hätt hien dem Ruff vum Land geschuet, sou den DP-Minister virgëschter an engem Soir-Interview. De Luc Frieden, deen haut Manager bei der Deutschen Bank zu London ass, schwätzt vun enger Zitat: “absoluter Kontinuitéit an Evolutioun”, déi di läscht Regierung mat an d’Wee geleet hätt. Et wier déi läscht Regierung gewiescht, déi d’Demarche gemaach hätt fir méi mat der OECD zesummen ze schaffen. Éischter hätt een net kéinten op de Wee vun der Transparenz a Steierfroe goen, soss hätt de Privatbanking-Secteur sech an d’Schwäiz oder op Singapur verlagert, sou de Luc Frieden.
Des weidere wier net Luxleaks relevant, mee d’Fro, wéi ee multinational Entreprise soll besteieren. Dorop géif et keng einfach Äntwert ginn.
De Bäitrag vum Michel Delage: