LSAP: Europa-Wahlprogramm

D’Zil vun der LSAP bei den Europa-Walen ass et deen zweete Sëtz zeréckzekréien deen d’CSV de Sozialisten bei de virleschte Walen ewechgeholl hat. D’LSAP-Kandidate-Lëscht fir d’Europa-Walen gouf gëschter Owend um Europa-Kongress am hémicycle um Kierchbierg mat 95% ugeholl. Spëtzekandidatin vun der LSAP ass ewéi gewosst déi fréier Educatiounsministesch Mady Delvaux Stehres.

Den LSAP-Europa-Députéierten Robert Goebbels huet um Kongress een Appell un d’Wieler lancéiert, deenen 5 klengen Parteien keng Stëmmen ze ginn, wëll déi souwisou keng Chancen hätten ee Sëtz ze kréien. Mat hirer Stëmm kéinten d’Sozialisten par konter der CSV deen drëtte Sëtz ewechhuelen.

De Bäitrag vum Carole Schimmer:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen