Lëtzebuerg zu Stroossbuerg veruerteelt

Lëtzebuerg ass op dësem Donneschde virum Stroossbuerger Mënscherechtsgeriichtshaff veruerteelt ginn, well géint engem Ugeklote säi Recht op en Affekot an op e faire Prozess verstouss gouf.

Opgrond vum Lëtzebuerger Gesetz gouf dësem britesche Staatsbierger d’Assistenz vun engem Affekot während sengem éischte Verhéier bei der Police a viru senger éischter Auditioun virum Untersuchungsriichter verweigert. De Stroossbuerger Riichter no hätt d’Lëtzebuerger Cour d’Appel dësem Verstouss géint d’Mënscherechtsconventioun misste Rechnung droen. De Mann war 2012 definitiv zu 7 Joer festem Prisong an 3 Joer partiellem Sursis veruerteelt gi wéinst Viol an Attentat à la pudeur op e mannerjäregt Meedchen ënner 16 Joer.

Dem Arrêt vun haut no gouf et an deem Fall awer kee Verstouss géint säi Recht op den Zougank zum Dossier.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen