Formation Continue Lëtzebuerg méi konservativ wéi vill aner Länner
Fir déi vill Zaldoten nees an d’Wirtschaft ze kréien, ass op internationalem Plang vill ënnerhuel ginn nom Zweete Weltkrich. Lëtzebuerg huet op politeschem Plang net vun deenen Initiativen an der Formatioun profitéiert, seet de Ben Fayot. Den Historiker a Politiker huet e Buch geschriwwen iwwert d’Geschicht vun der Erwuessenebildung hei am Land.
Christian Welter / ys
"Toute la vie pour apprendre" heescht dem Ben Fayot säin neit Buch vun 350 Säiten. D’Chambre des Salariés hat hie gefrot fir am Beräich Erwuessenebildung ze fuerschen. "D’Recherche war faszinant well d’Geschicht doriwwer a Brochstécker iwwerall e bësse läit a well et kee klore Fuedem gëtt. Zu Lëtzebuerg ginn et och wéineg Archiven. Alles wat zanter 1839 geschitt ass, kann een net esou genee novollzéien."
Tëscht den zwee Weltkricher an och no 1945 sinn op internationalem Plang vill Initiativë lancéiert gi fir déi Milliounen Zaldoten nees op den Aarbechtsmaart ze kréien. Dem Ben Fayot no hätt Lëtzebuerg awer net vun deem Elan profitéiert. "Et kann een och soen datt Lëtzebuerg ëmmer e bësse méi op sech selwer konzentréiert war an op seng eege Schoulproblemer." D’Land hätt leider net vun deene formidabelen Impulser vun Däitschland a Frankräich profitéiert well et méi konservativ gewiescht wier.
D’Wirtschaft hat och kee Besoin
"Ech hunn an den Archive keng Debatt an der Chamber fonnt iwwert dee Sujet", seet den Historiker an LSAP-Politiker Ben Fayot. Hie bedauert, datt och seng Partei keng Diskussioun lassgetrëppelt huet.
Mee och d’Wirtschaft war laang Zäit kee Musterschüler an der Erwuessenebildung. D’Banken hätten nom Zweete Weltkrich kee Besoin gehat fir hir Leit weider ze bilden an och bei der ARBED huet et eng Zäit gedauert.
"Am Ufank wéi d’Siderurgie do war, huet si net vill Efforte gemaach. Do sinn d’Leit geholl a gebraucht gi fir dat wat se ebe just capabel waren. Den Institut Emile Metz ass 1913 entstan, dat war eng Donatioun vun der Madame Emile Metz. Et ass eréischt an de 60er a 70er Jore wou d’Arbed hir Formation continue systematiséiert huet."
Learning rich vs learning poor
Et ginn dräi Grënn fir sech weider ze bilden: déi wirtschaftlech Entwécklung vun engem Land, de sozialen Reussite vum Eenzelnen an de Besoin fir sech selwer weider z'entwécklen. Bei der Promotion sociale wären haut d’Ziler net ganz erreecht ginn, fënnt de Ben Fayot. Leit déi schonn en Diplom hätten, kéinte weider Diplomer drop setzen. Méi schwiereg wier et par konter fir déi Persounen, deenen hire Bildungsgrad net esou héich ass. "Fir all d’Leit an d’Erwuessenebildung eran ze kréien, muss een och eng Offer ubidde fir déi Persounen déi ganz ënnen ufänken. Et ginn haut nach Leit déi Analphabet sinn oder illetréiert, dat heescht déi dat wat se geléiert hunn, net kënnen uwennen. Do ginn et nach enorm Besoine fir dat auszebauen."
De Ben Fayot ass der Meenung, datt en Deel vun de Leit am Chômage sinn, well et hinnen un der Fäegkeet géing feelen Texter ze liesen an domat ëmzegoen an net well et hinnen u präzise Kenntnisser géing feelen.