"Lëtzebuerg ass eist doheem..."

No 28 Joer am Land ass Lëtzebuerg dem Dän Ole Stenersen seng Heemecht ginn, seet de Jurist an héije Kader bei enger dänescher Bank. Fir de Banker ass déi lëtzebuerger Sprooch als Conditioun fir Integratioun a fir d’Auslännerwalrecht ganz wichteg. E Porträt vum Mick Entringer:
Den 78 Joer alen Aurelio Cortolezzis lieft zënter 61 Joer zu Lëtzebuerg. Bis haut huet de laangjärege Bau-Entrepreneur eleng déi italienesch Nationalitéit, an dat obwuel hie Lëtzebuergesch schwätzt an net plangt zréck a seng Heemecht, déi norditalienesch Regioun Friuli, ze goen. D’Pia Oppel huet sech mat him ënnerhal:
Den Tibeter Jigme Namgyal op Lëtzebuerg. De Lama war aus China iwwert den Himalaya an den Nepal geflücht. Zu Lëtzebuerg krut hien no enger Asylprozedur de Flüchtlingsstatut accordéiert. D’Mick Entringer huet sech mat him ënnerhal:
Déi ganz Dossier-Serie am Virfeld vum Referendum:
1. Deel: Den Ufank maachen d’Portugiesin Sandra Cavaco an d’Brasilianerin Isabelle Pereira, d'Mick Entringer huet mat hinnen iwwer hir Alldagsrealitéit zu Lëtzebuerg geschwat
2. Deel: Ass d'Limitatioun vun de Regierungsmandater eng "Garantie fir Erneierung" oder eng "Schnapsiddi? De Christian Welter huet mat aktuellen a fréiere Regierungsmemberen iwwer déi drëtt Referendumsfro geschwat.
3. Deel: De Katalan Sergi Solanas an de Fransous Paul Chatelet hunn mam Mick Entringer iwwer hiert Liewen zu Lëtzebuerg geschwat
4. Deel: Wat halen déi Jonk vum Wahlalter mat 16? D’Pia Oppel huet eng Quatrième am Lycée Ermesinde an zwou Dixièmen am Lycée Michel Lucius besicht fir hir Meenung iwwer déi éischt Referendumsfro ze héieren