"Lëtzebuerg ass der Cargolux einfach net gewues"

"D’Manéier, wéi d'Cargogesellschaft geréiert gëtt, ass net an der Rei", esou de Jean-Claude Franck an engem Kommentar am Mëttes-Panorama vum 17. Abrëll

Wéini ännert sech endlech eppes ? Wéini erwächen d’Regierung an d’Chamber a wéini deet sech eppes am Verwaltungsrot ? A firwat kann d’Cargolux sech net endlech mol nees op dat konzentréiere, wat se kann : Fracht ronderëm d’Welt fléien, ouni permanent negativ opzefalen ? Déi Froe stelle sech vill Mataarbechter. Leider ass d’Äntwert zënter Joeren ëmmer déi selwecht : “Et ännert souwisou näischt”.

An dobäi ass de Problem vaste:

Eng Generaldirektioun, där et un Erfahrung an der Aviatioun feelt, an där et e rekordverdächtegen Turn-Over gëtt, déi eegenen Aussoen no de “Spirit of Cargolux” nei beliewe wëll a genee der Contraire mécht;

e Generaldirekter, deen déi aus dem Wee raumt déi him widderspriechen, deen Onrou schaaft mat Aussoen déi en dono nees revidéiere muss an dee sech a Verhandlungen iwwer d’Kerosinpräisser am Aserbaidschan an iwwer d’Iwwerfluch-Rechter iwwer Russland iwwerschat huet an domat méi zu Onwee gemaach huet wéi soss eppes;

e Verwaltungsrot, dee falsch Weiche gestallt huet, dee sech bis op e puer Ausnamen net genuch ageschafft huet, deen der Generaldirektioun net genuch iwwer d’Schëller kuckt, an an deem an de leschte Joeren der just e puer goufen déi konsequent waren an déi aus Protest demissionéiert hunn;

e President vum Verwaltungsrot, dee bei sech selwer keng Responsabilitéitsfro zouléisst;

eng Regierung, déi bei schlechten Nouvellen argumentéiert, d’Cargolux wier eng privat Entreprise an déi de Staat sech net amësche géif, an déi bei positiven Nouvellen dovunner näischt méi wësse wëll;

en Infrastrukturministère, dee wéineg Ahnung huet iwwer d’Loftfahrt, trotzdem déi wichteg strategesch Decisioune vun uewen erof dekretéiert;

e Co-Aktionär, deen d’Vole staark subsidiéiert, obwuel genee dat bei den Airlines aus de Golfstaaten ëmmer kritiséiert gëtt;

... dat ass, a graffe Wierder, just de Resumé vu Problemer, déi sech net réischt zënter gëscht stellen.

D’Konklusioun aus all deem ka just déi sinn, datt Lëtzebuerg der Cargolux mat hire 1600 Mataarbechter an de villen Aarbechtsplazen déi och indirekt dovun ofhänken, einfach net gewuess ass. De Staat steet net dozou datt et eng wichteg Entreprise ass a gëtt sech an der Cargolux net d’Moyene fir professionell ze fonctionnéieren. D’Aviatioun, mat hirer deelweiser Cowboy-Mentalitéit, passt dem sou dichtege Lëtzebuerg och vläit net ëmmer an de Krom.

Dobäi kënnt, datt manner gär an d’Aviatioun investéiert gëtt. Dofir ass ee frou, datt mat der Provënz Henan e Co-Aktionär fonnt gouf, dee kee Problem mam Invest huet. A well blann alles op déi Kaart gesat gëtt an deen Aktionär net soll brüskéiert ginn, ginn och déi Leit, déi mat him verhandelt hu, soubal net ersat. Also ännert näischt um System, an et gëtt nogekuckt, wéi Aarbechtsplazen op d’Spill gesat ginn a wéi méiglech Recettë verluer ginn. Doduerch, datt d’finanziell Resultater den Ament gutt sinn, dierf ee sech net täusche loossen: dat ass just, well de Kerosinpräis immens niddereg ass a well de Secteur generell vun engem grousse Streik vun den Häfen op der US-Westküst profitéiert huet...

An dofir muss d’Fro och elo haart an däitlech gestallt ginn: wéini ännert sech endlech eppes ?!

De Kommentar fir nozelauschteren :

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen