Gréiwemaacher/Maërtert Léon Gloden: "Ech gi keng Genehmegung" fir Ausbau vun Tanklager

De Buergermeeschter vun der Gemeng Gréiwemaacher, de Léon Gloden vun der CSV, bleift bei senger Oppositioun géint déi geplangten Erweiderung vum Tanklager zu Mäertert un der Musel. Hie géif als Buergermeeschter vu Gréiwemaacher, op där hirem Terrain den Tanklager steet, egal wéi keng Autorisatioun fir dee Projet ginn.

Pierre Reyland / fki

Tanklager Mäertert
Tanklager am Hafen zu Mäertert (Foto: Mick Giewer)

D'Decisioun fir eng Bau-Autorisatioun fält allerdéngs eréischt méi spéit an no de Gemengewahle vum 8.Oktober.

Wann hie Buergermeeschter bleift, géif hien awer weider eng Genehmegung refuséieren, huet de Léon Gloden am 100,7 Interview widderholl. Hie mengt nämlech net, datt um Projet vum Bedreiwer Tanklux nach eppes geännert gëtt.

"Ech gesi ganz genee: Déi änneren näischt um Projet. Si sinn net diskussiounsbereet. Si wëlle stur hire Projet duerchzéien", esou de Gréiwemaacher CSV Député-Maire.

Awänn vu Gemengen net respektéiert

All d'Awänn vun de betraffene Gemenge Gréiwemaacher, Mäertert an déi däitsch Gemeng Temmels, géifen ofgeleent, esou de Léon Gloden.

Déi bestoend Anlag wier zwar, op Drock vun de Gemengen, méi sécher gemaach ginn. Mä den Ausbau vum Tanklager wier schonn aus Sécherheetsgrënn net akzeptabel. Déi geographesch Situatioun am Museldall wier geféierlech bei engem Feier, a wéinst Gasen, déi austriede kéinten, wann eppes geschitt.

Och d'Kritik vun de Gemengen, datt den Ausbau vum Tanklager privat-kommerziellen Zwecker dénge soll, an net dem ëffentlechen Interêt, fir genuch national Petrols-Reserven ze garantéieren, géif verworf ginn.

Dat géif kloer ervirgoen aus der sougenannter Umwelt-Verträglichkeits-Etude, déi de Bedreiwer Tanklux maache gelooss huet. An enger éischter Versioun vun dëser UVU Etude, déi elo um Dësch vun de Gemenge läit, wier net op d'Awänn vun de Gemengen agaange ginn, seet och de Léon Gloden. Säin däitsche Kolleg Hernert Schneider, Buergermeeschter vun Temmels, huet dat selwecht behaapt.

Gemenge wëlle kloen

D'Gemenge kruten elo Zäit bis de 15. November, fir op d'Umwelt-Verträglichkeits-Etude ze reagéieren. Dësen Delai hat de Ministère op Drock vun de Gemengen ëm zwee Méint verlängert, nodeems am Ufank de 15. September als Delai proposéiert gi war. Déi nächst Etapp ass dann d'Kommodo-Inkommodo Prozedur.

"Dat ass de Moment, wou mir geriichtlech kënne virgoen", seet de Léon Gloden. De Buergermeeschter vun Temmels, Herbert Schneider, hat am 100,7 Interview scho gesot, datt seng Gemeng esou eng Klo maache géif.

Mécht Gréiwemaacher do mat? "Mir ginn duerch all méiglech Instanzen, zesumme mat eisen däitsche Kollegen", präziséiert de Léon Gloden.

Datt de Bedreiwer Tanklux, am Fall vun engem Refus vun der Genehmegung fir den Ausbau vum Tanklager, geriichtlech Schrëtt dogéint entaméiere kéint - dovunner geet och de Léon Gloden aus. D'Gemeng Gréiwemaacher, seet hien, hätt awer do "ee laangen Otem".

Interview: Léon Gloden

Méi zum Thema

Tanklager
Hafen zu Mäertert

Bei den Diskussiounen iwwert deen ëmstriddenen Ausbau vum Tanklager zu Mäertert un der Musel géif d'Lëtzebuerger Regierung weider net op d'Awänn vun deene betraffene Gemenge lauschteren.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen