LCGB hëllt Job-Pakt Initiativ positiv op

Den LCGB reagéiert positiv op den Appell vu Regierung a Patronat gëschter, fir op de Wee vun engem sougenannten “Job-Pakt” ze goen. De Chrëschtleche Gewerkschaftsbond ass Demandeur fir ënnert anerem den dualen Ausbildungs-System an der Schoul a bannent de Betriber rëm ze relancéieren, esou de Vize-Generalsekretär Marcel Goerend. Deementspriechend Diskussioune géinge schonn zanter enger Zäit am comité permanent du travail et de l’emploi gefouert ginn.

Op Patrons-Säit gëtt et de Wëlle fir nees op dee Wee ze goen, esou de Marcel Goerend. An der Industrie beispillsweis, wier an de leschten 20 Joer an deem Beräich gesënnegt ginn, mat der Fermeture vun de Léierbuden.

Den OGBL-Président André Roeltgen wollt sengersäits op Nofro hinn d’Propose vun engem “Job-Pakt” net kommentéieren.

Den Interview vum Michel Delage mam Marcel Goerend:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen