Op d’Fro, ob hien interesséiert oder bereet wier no de Chamberwahlen 2018 Minister ze ginn, äntwert de Laurent Zeimet hie géing sech wéineg Gedanken doriwwer maachen. "Et soll een an der Politik ni 'ni' soen", sou awer den CSV-Politiker. "Lo sinn ech Mol mat Freed Buergermeeschter zu Beetebuerg an Deputéierten an ech wëll dat no de Gemengewahle bleiwen."
Ass et éierlech am Oktober 2017 an d’Gemengewahlen ze goen och wann een eventuell ee Joer méi spéit Minister gëtt? "Ech gesinn d’Zukunft net esou wäit wéi Dir vläicht", äntwert de Laurent Zeimet mat engem Schmunzelen. Ob hie Minister gëtt, dat géing nach vu ville Facteuren ofhänken, wéi beispillsweis säi perséinlecht Wahlresultat, d’Resultat vun de Chamber- a vun de Gemengewahlen oder wéi vill Ministeren et an enger neier Regierung géinge ginn.
"Net nodroend"
Den CSV-Generalsekretär sot donieft, datt seng Partei souwuel op Gemengen-, wéi nationalem Niveau, mat all den demokratesche Parteien kéint zesumme schaffen. Mat der LSAP sollt een och nom Echec vun der CSV-LSAP-Koalitioun am Juli 2013 net nodroend sinn.
Wat d’ADR ugeet, mengt hien, datt wéinst den inhaltlechen Differenzen mat der CSV, eng Zesummenaarbecht "net onméiglech", mee "schwéier virstellbar" wier.
Am wichtegste wier et awer souwisou d’Wahlresultater ofzewaarden.
"Erschreckend"
Zur Hypotheese, datt Lëtzebuerg a 40 Joer 1,2 Milliounen Awunner kéint hunn, äntwert de Laurent Zeimet: "Wann ee kuckt, wéi schlecht mer haut schonn duerch de Verkéier kommen an am Moment scho Schwieregkeeten hunn fir genuch Wunnraum ze schafen, da wier dat schonn en Zeenario, deen erschreckend wier."
Den CSV-Generalsekretär, Deputéierten a Buergermeeschter gehäit der Blo-Rout-Grénger Regierung vir, sech an hire Berechnungen net d’Fro ze stellen, ob een iwwerhaapt wéilt, datt Lëtzebuerg zu engem Millioun-Awunner Staat gëtt.
D’CSV ënnerstëtzt dowéinst d’Iddi vun engem "qualitative Wuesstem", sou de Laurent Zeimet. Senger Meenung no, misst d’Konsum-Verhalen sech op jiddfer Fall änneren.