Laura Zuccoli (ASTI): "Den NEE muss Brécke bauen"

20150519-zuccoli-L1000070-1024x684.jpg

D’Laura Zuccoli vun der ASTI versteet den NEE a gesäit eng ganz Rëtsch Facteuren als Grond fir d’Resultat. Dorënner och de Fait, dass eng Fro ewechgefall war, an d’Diskussiounen iwwer d’Fro vun der Sprooch. Integratioun misst awer vun 2 Säite kommen. D’ASTI géif och elo hiren Deel dozou bäidroen, dass Auslänner méi einfach kéinte Lëtzebuergesch léieren, sou wéi dat de Wëlle vum Wieler wär. Et géif een och lo net mengen, dass déi Leit, déi sech fir den Nee ausgeschwat hätten, auslänerfeindlech wären.

 

D’Laura Zuccoli seet si wär frou, dass d’Auslänner sech net an d’Diskussiounen agemëscht hätten. Vun de Vertrieder vum Nee erhofft si sech lo och een Entgéintkommen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen