Däitschland Landtagswalen am Saarland: SPD gewënnt kloer
Am Saarland kënnt et zu engem politesche Wiessel: D'SPD konnt d'Landtagswale gëschter kloer gewannen an iwwerhëlt no 23 Joer d'Muecht vun der CDU. Nei Ministerpresidentin am Saarland gëtt deemno d'Anke Rehlinger.

D'SPD krut 43,5 Prozent vun alle stëmmen a kritt mat 29 vun 51 Sëtz am saarlännesche Landtag déi absolut Majoritéit, esou dat virleefegt Endresultat. D'SPD kéint domat eleng regéieren. 2017 koum d'SPD bei de Landtagswalen am Saarland nach op 24 Sëtz.
CDU stierzt of
D'CDU an den aktuelle Ministerpresident Tobias Hans si vu 40,7 Prozent op 28,5 Prozent ofgestierzt a kréie just nach 19 Sëtz. Bei de Landtagswalen 2017 koum d'CDU nach op 24 Sëtz.
Den ofgewielte Ministerpresident vun der CDU, den Tobias Hans sot, hie géif perséinlech Konsequenzen aus der Walnéierlag zéien.
SPD kann eleng regéieren
Déi eenzeg aner Partei, déi nach am saarlännesche Landtag vertrueden ass, gëtt d'AfD mat dräi Sëtz. Die Linke ass net méi vertrueden, 2017 ware si nach op 7 Sëtz komm. Déi Gréng an d'FDP hunn et och net an de Landtag gepackt.
D'Anke Rehlinger vun der SPD sot, si wéilt elo séier eng nei Regierung am Saarland forméieren. D'SPD wier op fir mat anere Parteien ze schwätzen, mee och fir eleng ze regéieren, sou d'Anke Rehlinger gëschter Owend um ZDF.
Et kéint nach liicht Ännerunge beim definitive Walresultat ginn, sou déi saarlännesch Autoritéiten.