Däitschland Landtagswal an NRW: déi "kleng Bundestagswal"
Am däitsche Bundesland Nordrhein-Westfalen gëtt haut gewielt. Dem Ministerpresident Hendrik Wüst seng CDU huet hei en hauchdënne Virsprong op den Haaptkonkurrent d'SPD. Mee um Enn kéint d'Resultat vun enger ganz anerer Partei entscheedend sinn.

Déi lescht Landtagswal läit just eng Woch zeréck an hei konnt d'CDU a Schleswig-Holstein mat engem immens grousse Virsprong hir Regierungspositioun verdeedegen.
Haut bei der Wal an Nordrhein-Westfale muss sech d'Uniounspartei awer op en däitlech méi spannende Waldag astellen. Well de leschte Sondagen no läit d'Partei vum Ministerpresident Hendrik Wüst just 2 bis 3 Prozent virun der SPD mam Spëtzekandidat Thomas Kutschaty.
D'Ae sinn op Die Grünen an d'FDP geriicht
A well et esou knapp ass, riichte sech d'Blécker op d'FDP an déi Gréng, déi haut zu "Königsmacher" kéinte ginn. D'FDP regéiert momentan mat der CDU zesummen, muss sech awer wuel op gréisser Verloschter astellen a kéint um Enn bei just 8 Prozent landen.
Déi Gréng par conter kënnen no hirem desastréise Resultat viru fënnef Joer mat ëm déi 16 Prozent rechnen.
Déi véier Parteien hale sech nach bedeckt, wat Koalitiounswënsch ugeet an et wäerte sech aller Warscheinlechkeet no och eng ganz Rëtsch méiglech Konstellatiounen erginn, wat natierlech och an de Parteizentralen zu Berlin fir Spannung suergt.
Eng wichteg Wal
Et ass déi drëtt Landtagswal dëst Joer, mee well NRW dat Bundesland mat de meeschten Awunner ass, gëllt dës als "kleng Bundestagswal" mat grousser politescher Signalkraaft.
D'CDU huet am Saarland missen eng batter Defaite astiechen, konnt leschte Weekend a Schleswig-Holstein awer hier Muecht verdeedegen.
Fir d'SPD geet et no schlechte Sondagen dorëms, net an eng Negativspiral ze rutschen, mee no dem Saarland e weidert Bundesland zeréckzegewannen.