Stolindustrie Kritik u Restrukturéierung vu Liberty Steel

D'Gewerkschafte kritiséieren d'Annonce vun der Restrukturéierung, vun där d'Galvaniséierungswierk vu Liberty Steel zu Diddeleng betraff ass. De Sozialdialog wier net respektéiert, esou LCGB an OGBL. Doriwwer eraus géif d'Reorganisatioun net den essentielle Problem vum Manktem u Liquiditéite léisen.

Isabel Scott / Serge Kesseler / cbi

Stolindustrie
Symbolbild. Foto: Bigstock / DedMityay

Lauschteren


D'Galvaniséierungswierk vu Liberty Steel zu Diddeleng soll an déi rumänesch Branche Liberty Galati integréiert ginn. Galati a Rumänie soll domat an Zukunft och den Haaptfournisseur gi vun de Flaachstolrulle fir d'Wierker zu Lëtzebuerg an an der Belsch.

Mat der Restrukturéierung wier de Fong vum Problem awer net geléist, seet den LCGB: fir de finanziellen Aspekt géif et keng Léisung ginn, esou de Robert Fournieri. Och de Stefano Araujo vum OGBL schwätzt vun enger Annonce fir ëffentlech Acteuren a Creancieren ze berouegen an Zäit ze gewannen. "Konkret gesi mer net, wat dat bréngt, mir gesi just eng Managementsgeschicht."

"Ech bezweiwelen, datt ee Site aus Rumänien all Entitéiten an Europa ka finanzéieren. Déi Rechnung geet net op."

OGBL: Nationaliséierung keen Tabu

De Site zu Diddeleng, deen den Ament zu Liberty Steel an der Belsch gehéiert, beschäftegt eng 220 Leit, dovunner wieren iwwer d'Hallschent zum Deel a Kuerzaarbecht. De Moment géif d'Produktioun zu Diddeleng just knapp iwwer engem Fënneftel vun de Kapazitéiten dréien, seet de Robert Fournieri.

D'Gewerkschafte fuerderen eng staatlech Interventioun, fir den OGBL sollt eng Nationaliséierung keen Tabu sinn. Den LCGB nuancéiert a fuerdert e Partenariat mat der Société Nationale de Crédit et d'Investissement.

An der Chamber ass haut eng Froestonn iwwer d'Zukunft vum Wierk vu Liberty Steel zu Diddeleng. Muer treffe sech d'Gewerkschaften an d'Direktioun.

Franz Fayot: op all Eventualitéite preparéiert sinn

D'Galvaniséierungswierk vu Liberty Steel zu Diddeleng kéint mat där gewinnter Auslaaschtung profitabel schaffen an d'Konjunktur fir d'Produkter wier "ganz gutt": dat huet de Wirtschaftsminister Franz Fayot de Mëtteg an der Chamber-Sitzung gesot, no Froe vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar zur Zukunft vum Site.

Lauschteren

Déi staatlech SNCI géif Gespréicher mat potentiellen industrielle Partner féieren, dat fir op all Eventualitéite preparéiert ze sinn, esou de Minister. Offiziell wier d'Wierk zu Diddeleng awer de Moment net ze verkafen.

D'Prioritéit vun der Lëtzebuerger Regierung géif e laangfristegt Weiderbestoe vum Site zu Diddeleng bleiwen, fir esou och all d'Aarbechtsplazen z'erhalen. Déi "bescht-méiglech Léisung" soll fonnt ginn, huet de Franz Fayot versprach.

"Et ass awer och esou, datt ech net gären éiweg nokucken an och wierklech meng Gedold do lues mee sécher op een Enn kënnt, wéi e Wierk zanter Wochen a Méint am forcéierte Ralenti dréint an d'Salariéë gezwonge gi Kuerzaarbecht ze maachen, wa mer alleguer wëssen, dass de Marché fir de Moment vill méi hier gëtt."

Ronn 85 vun den 220 Mataarbechter vu Liberty Steel zu Diddeleng wieren de Moment a Kuerzaarbecht, esou de Wirtschaftsminister. D'Paie fir dëse Mount wieren assuréiert, an un deene fir de Juli géif der Direktioun no "aktiv geschafft" ginn, huet de Franz Fayot gesot.

Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar huet an der Chambersitzung een Appel un de Franz Fayot gemaach, alles ze ënnerhuele fir dee wichtegen Industrie-Standuert zu Diddeleng ze erhalen.

Méi zum Thema

Franz Fayot, ministre de l’Économie
Stolindustrie

De Franz Fayot huet e weidert Gespréich mam EU-Kommissär Thierry Breton, fir iwwer d'Zukunft vum Galvaniséierungswierk vu Liberty Steel zu Diddeleng ze schwätzen. De Minister schléisst eng staatlech Interventioun net aus.

OGBL
Gewerkschaften

"Déi schaffend Leit wäerten net fir dës Kris bezuelen", esou eng zentral Ausso vun der OGBL-Presidentin Nora Back. Den LCGB sengersäits fuerdert eng national Tripartite, och fir d'Relance vun der Ekonomie virzebereeden.

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen