Etat d'Urgence Neie Verfassungsartikel kann nach perfektionéiert ginn

Et gëtt keng wierklech Gefor, datt d'Regierung während engem Ausnahmezoustand hir Pouvoire kéint mëssbrauchen, sou d'Äntwert vum LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry op d'Kritik vun dräi Juristen. Mee den Text wier net perfekt, et sollt een also weider driwwer diskutéieren.

Yasha Wecker / po

alex bodry.JPG

An enger oppener Tribün am Lëtzebuerger Wort haten d'Véronique Brück, de Michel Erpelding an d'Julie Wieclawski rezent déi geplangte Regelung vum Etat d'urgence als geféierlech an iwwerflësseg kritiséiert. Hei op der Antenn huet de Fuerscher am Droit International Michel Erpelding virun engem "Blankoscheck fir d’Regierung an de Grand-Duc” gewarnt.

Abuse während engem Ausnahmezoustand géingen duerch den nationalen an internationale legale Kader verhënnert ginn, seet dozou den Alex Bodry. De President vun der Institutiounskommissioun an der Chamber betount awer, datt d'Textpropose den Ament dem Staatsrot fir Avis virläit. Eventuell kéint den neie Paragraph 4 vum Artikel 32 nach perfektionnéiert ginn. Ënnert anerem kéint ee méi kloer betounen, datt Riichteren d'Entscheedungen vun der Regierung am Ausnahmezoustand a gewësse Fäll kënnen ausser Kraaft setzen.

Den Interview vum Yasha Wecker mam Alex Bodry:

 

Méi zum Thema

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen