Steierpolitik Steier-Rulingen: Krecké huet schonn 1997 Risike gesinn

Paperjam Online huet dat Dokument iwwert d’Steier-Rulinge publizéiert, dat och den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker haut dem lénken Europadeputéierte Fabio De Masi zoukomme gelooss huet. Am Dokument, dat elo och dem radio 100,7 virläit, gëtt op d'Risiken vun dësen informellen Decisiounen vun der Steierverwaltung opmierksam gemaach.

Reunion informelle ECOFIN - Premier Ministre, Jean Claude Juncker et Jeannot Krecke, Ministre de l'economie, le 14/05/2005
photo SIP/Luc Deflorenne
De Jeannot Krecké an de Jean-Claude Juncker (©SIP/Luc Deflorenne)

De Jeannot Krecké seet, hien hätt den integrale Rapport iwwer Steierbedruch 1997 just dem deemolege Premier- a Finanzminister Jean-Claude Juncker an dem deemolege Budgetsrapporter Lucien Lux ginn. Et bleift hiert Geheimnis, ob et sech beim Dokument, dat elo un d'Europaparlament gaangen ass, effektiv ëm déi original Säit handelt, déi an der offizieller Versioun vum sougenannte “Krecké-Rapport” gefeelt huet.

Wat steet am Dokument?

D'Steier-Rulingen, vun deene multinational Konzerner profitéiert hunn, féieren zu enger Steierkonkurrenz mat deenen EU-Staaten, déi ähnlech Praktiken hunn, heescht et. Déi negativ Auswierkung vun Delocalisatioune géif doduerch verstäerkt ginn. Déi prealabel Avise vun der Steierverwaltung géingen am "Dialog" mat den Entreprisen entstoen, gëtt erkläert. An et gëtt och ervir gestrach, dass et fir dës "informell" Praxis keng gesetzlech Basis gëtt (eng gesetzlech Verankerung ass réischt 2014, kuerz virun de LuxLeaks-Revelatiounen an d'Weeër geleet ginn).

Den deemolege Premier- a Finanzminister Jean-Claude Juncker krut 1997 nogeluecht, d'Steieraccorde méi genee am A ze behalen. D’Politik sollt kënnen agräife soubal d’Praktike vun der Steierverwaltung net méi mat der Regierungspolitik an Aklang wieren. Dass hien déi Recommandatioun a sengem Rapport gemaach hätt, hat de Jeannot Krecké esou och schonn am November 2014 am 100,7-Interview erkläert.

Huet de Jean-Claude Juncker gelunn?

De lénken EU-Parlamentarier Fabio De Masi huet dat Dokument op seng Nofro hi gëschter vum EU-Kommissiounspresident Juncker kritt, sou Paperjam. An engem Spiegel-Interview hat den däitsche Politiker d'Fro opgeworf, ob de Jean-Claude Juncker gelunn huet. Dat den EU-Kommissiounspresident de 17. September virum Europaparlament sot, hien hätt näischt vum Passage iwwer d'Steier-Rulinge gewosst. Wéi de radio 100,7 deemools gemellt huet, steet dat am Widdersproch, zur Ausso vum Jeannot Krecké.

 

 

 

Méi zum Thema

Fabio De Masi.jpg
LuxLeaks

De lénken Europadeputéierte Fabio De Masi reagéiert am 100,7-Interview op déi rezent Publikatioun vun engem Passage aus dem Krecké-Rapport vun 1997 iwwer Steierbedruch

Juncker.jpg
LuxLeaks

De Jean-Claude Juncker seet hien hätt d'Säiten iwwert d'Steier-Rulingen aus dem Krecké-Rapport ni gesinn. Den Auteur vum Rapport, de Jeannot Krecké, seet awer hien hätt dem deemolege Premier an enger anerer Persoun déi Säiten gewisen

Steierpolitik

An der Originalversioun vu sengem Rapport 1997 iwwer d'Steierhannerzéiung huet de Jeannot Krecké der Regierung Juncker geroden, d'Konsequenze vun de Steier-Rulingen am A ze halen

Zu den Enquête vun der EU-Kommissioun iwwert d’Tax Rulings fir Fiat an Amazon ass d'Regierung Zitat “relativ optimistesch”, datt d’EU-Kommissioun keng Fehler fënnt

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen