Den Dimitris Tekes steet am Hafe vu Molyvos. Virun him schaukele Fëscherbooter, iwwert dem Mier geet Sonn ënner wéi am Billerbuch – et ass eng pittoresk Zeen. Den Dimitris ass beandrockt an och net. Hien ass ofgelenkt. De Moie war eng Krisesëtzung vu sengem Beruffsverband, den Hotelieren. Et war ee laangen Dag. "Mir hunn ee grousse Problem", seet hien. "Engersäit hu mer d'Migranten, also d'Flüchtlingen, si hoffen op e bessert Liewen. Op där anerer Säit liewe mir hei vum Tourismus, a mussen do staark Réckschléi astiechen", sou den Dimitris.
Een Thema beim Krisentreffe war d'TVA, déi d'lescht Joer – duerch den Asaz vun der Troika – méi wéi verduebelt ginn ass. An der Tourismusbranche op Lesbos huet een d'Gefill duebel bestrooft ginn ze sinn. Duerch d'Flüchtlingskris an eng Rezessioun déi schonn aacht Joer dauert – an eben duerch eng TVA um Tourismus déi méi héich ass wéi an de meeschten aneren EU-Memberstaten.
"Dacks den Telefon am Grapp"
Den Dimitris Tekes huet Angscht seng Entreprise ze verléieren. Den Hotel vu senger Famill war deen éischten am Duerf Molyvos. Dem Dimitris säi Papp huet e gebaut. "Et war eisem Papp säin Dram eppes ze erreechen, fir eis eng Alternativ zum haarde Fëscherliewen ze bidden ", erzielt den Dimitris. Haut weess hien net wéi hien déi lafend Käschte soll decken, vu Gewënn ass guer net ze schwätzen. "Ech hat schonn dacks den Telefon am Grapp fir dem Personal ze soen, datt si haut net brauchen ze kommen. Mee ech hunn all Kéiers rëm agehaang, well ech net wousst wéi ech hinnen et soll soen", sou den Dimitris.
Dobäi loossen d'Problemer, déi duerch d'Flüchtlingskris entstan sinn, kloer no. D'Arrivée vun de Flüchtlingen ass an Tëschenzäit gutt organiséiert, d'Awunner kréien dofir wäertvoll Ënnerstëtzung vun NGOen. D'Flüchtlingen sinn u sech net méi ze gesinn. Meeschtens gi si op oppenem Mier gerett a kommen dann an Éischt-Hëllef-Statiounen am Hannerland. Vun do aus geet et bei den Hotspot an dann an den Hafe vun der Haaptstad. D'Flüchtlinge gesäit een momentan och just do wou si drop waarden op Athen kënne weiderzereesen.
Tëleesbiller méi staark wéi d'Realitéit
Mee d'Biller, déi zanter dem Summer op der Tëlee ze gesi sinn, si méi staark. D'Reservatiounen op Lesbos sinn an de leschte Méint em ronn 80% zréck gaang. Déi Zuel nennt de Reesagent Dimitris Karamplias. Keng aner Insel am Nordoste vun der Ägäis wier sou staark betraff. "D'lescht Joer hate mir nach 27 Charterflich an der Woch. Lo sinn et der just nach néng, falls der net nach ofgesot ginn. Fir 2017 an 2018 gesäit et net besser aus, keen Tour-Operateur traut sech Pläng ze maachen", sou de Dimitris Karamplias.
Och d'Situatioun op der Grenz mat Mazedonien mécht de Bewunner vu Lesbos Suergen. Et kéint zu engen Réckstau kommen, sou d'Aschätzung.
Stëmmung vis-à-vis vu Flüchtlinge positiv
Trotzdem bleift d'Stëmmung vis-à-vis vun de Flüchtlinge positiv. Dat kéint och domat zesummenhänken, datt vill Leit hei selwer vu Flüchtlingen ofstamen. An als Fëscher wëssen si, datt et eng Flicht ass, Mënschen a Séinout ze hëllefen. "Alles anescht wier eng Sënn", seet den Dimitris Tekes, den Hotelier. Dat gesäit och de Gavriil Sgouridi, deen individuell Reesen op der Insel organiséiert, esou. Fir hien ass déi aktuell Situatioun eng Katastrof.
"Et ass kloer, datt mir e Rieseproblem hunn. Ech selwer hunn zanter August keng Aarbecht méi, anerer sinn an därselwechter Situatioun". Dem Gavriil Sgouridi no, ass et awer donieft ganz wichteg, ofzeweien. "D'Mënschen déi hei ukomme brauchen eis Hëllef. Natierlech wäert ech si weider mat oppenen Äerm an oppenem Häerz empfänken. Schliisslech si si net de Problem, mee d'Ëmstänn déi si dozou bruecht hunn, ze flüchten". Mee, et wier ebe méi liicht, mam Fanger op d'Flüchtlingen ze weisen, wéi d'Feeler vun der Politik ze analyséieren, sou nach seng Ausso.