D'Arbeitsgemeinschaft Kriegsursachenforschung publizéiert all Joer ee Rapport iwwer d'Zuel vun de Kircher uechter d'Welt. Dem spezialiséierte Fuerschergrupp vun der Uni Hamburg no hätt dës Joer keen neie Konflikt ugefaang, et wier souguer ee manner wéi nach 2015. Op dës Zuelen bezéie sech och aner Konfliktfuerscher, wéi zum Beispill d'Professer Susanne Buckley-Zistel vun der Philipps-Universität zu Marburg.
Zanter 2010 wier d’Zuel vun de Konflikter awer an d’Luucht gaang par rappport zum Ufank vum Millenium. An deene leschten 20 bis 30 Joer wier d’Tendenz ausserdeem méi a Richtung Biirgerkrich gaang. Dat heescht, dass d’Konflikter net onbedéngt tëscht verschiddene Staten oflafen, esou d’Susanne Buckley-Zistel. Dat wier allerdéngs net ëmmer sou kloer, seet si, mat Bléck op d’Ukraine.
Net just Staate féiere Krich
E Begrëff, deen an der Fuerschung ëmmer méi dacks opdaucht, wier dee vum "hybride Krich”. Dës Bezeechnung wier uganks gebraucht ginn, fir vun engem Konflikt tëscht net-staatlechen Acteuren ze schwätzen. An der Tëscht gëllt dat awer och fir staatlech Acteuren. An zwar wann et ëm eng Mëschung oder verdeckt Form vu Krich geet. D’Susanne Buckley-Zistel gëtt d’Propaganda als Beispill, déi ka benotzt ginn fir verschidde Gruppe vun der Populatioun vun engem Land géinteneen opzestëppelen.
Eng wichteg Roll an den aktuelle Konflikter spillen och d’Informatiounen. Engersäits kéint een iwwert sozial Netzer wéi Facebook oder Twitter "Live" mat verfollegen, wat zu Aleppo geschitt. Anerersäits muss een awer och oppassen, dass d’Noriichten, déi erakommen och richteg sinn.
Syrie-Krich: Eng humanitär Kris
2016 ass d'Zuel vun de Konflikter deemno zwar zréck gaang, mee dat heescht net, datt manner Mënschen gelidden hunn. Besonnesch de Krich a Syrien huet sech verschlëmmert, mat mëttlerweil ronn 250.000 Doudegen zanter dem Ufank am Joer 2011.
An der rezenter Entwécklung vum Krich a Syrien steet d’UNO an der Kritik, well d'Weltgemeinschaft net konnt agräife fir de Bewunner vun der syrescher Stad Aleppo ze hëllefen. Dozou seet d’Prof. Dr. Susanne Buckley-Zistel, et däerft een net resignéieren an d’Leit hirem Schicksal iwwerloossen. Et misst een hoffen, dass méi geschitt wéi bis elo. All d'Länner missten op allen Niveauen probéieren, eppes z'erreechen, fir déi humanitär Kris ze stoppen.