LuxLeaks Konferenz mam Antoine Deltour

Nodeems eng Konferenz an der Stater Cinemathéik ouni den Antoine Deltour organiséiert gouf, huet d'Asbl Etika de fréiere Mataarbechter vu PricewaterhouseCoopers (PwC) an de CarréRotondes invitéiert. Den Antoine Deltour huet bei PwC honnerten Dokumenter iwwer Steierrulinge fir multinational Konzerner kopéiert, op deenen d'LuxLeaks-Revelatiounen zu engem groussen Deel baséieren. 

Antoine Deltour.jpg
De LuxLeaks-Whistleblower Antoine Deltour

Den Atoine Deltour ass mëttlerweil vum Lëtzebuerger Parquet inculpéiert ginn a riskéiert bis zu fënnef Joer Prisong. Op der Konferenz huet hien seng Motiver erkläert a betount, datt hien d'Dokumenter ugangs dem franséische Journalisten Edouard Perrin vertraulech weiderginn hätt. Dass an engem Reportage am Mee 2012 op France 2 an spéider an de Berichter vum Internationale Journalistekonsortium ICIJ de Numm vu sengem Patron an d'Nimm vun de Clientë public goufen, wier net seng Intentioun gewiecht. Hien hätt wëllen op déi systemesch Problematik vun der aggressiver Steieroptiméierung hiweisen, déi a sengen Aen zu ongerechte Steiervirdeeler fir multinational Konzerner géigeniwwer klengen Entreprisë féiert. Den Antoine Deltour huet bedauert, dass an de Medie gréisstendeels just iwwer Lëtzebuerg an net iwwer den internationale Kontext vun der Steieroptiméierung geschwat gouf.

D'Konferenz mam Antoine Deltour kënnt Dir hei lauschteren:

 

D'Journalistin vum Lëtzebuerger Land Michèle Sinner huet eng ausféierlech Aféierung an d'Thema gemaach an d'Beispill vun Amazon erausgepickt. Den US-amerikanesche Konzern huet säin europäesche Siège zu Lëtzebuerg, bezillt hei awer am Verglach zu sengem Ëmsaz wéineg Steieren. D'EU-Kommissioun ënnersicht den Ament, ob an dësem Fall de Ruling vun der Lëtzebuerger Steieradministratioun effektiv no de Reegele vun der Konscht gemaach gouf.

D'Aféierung vum Michèle Sinner an d'Thematik LuxLeaks a Steieroptiméierung:

Méi zum Thema

ICIJ LuxLeaks Dossier
Steiervirdeeler fir Betriber

En Dossier zur Berichterstattung vum radio 100,7 iwwer d'LuxLeaks-Revelatiounen

D’EU-Kommissioun wëll d’LuxLeaks-Dokumenter als sougenannt "Maart-Informatioune" benotzen, déi dann eventuell zu neien Enquête géint Lëtzebuerg kënne féieren

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen