Kommentar: wou ass de globale Sprochekonzept fir déi ëffentlech Schoul?

De Mëtteg weit den Educatiounsminister Claude Meisch zesumme mam Infrastrukturminister François Bausch d’Extensioun vum Maacher Lycée an. Vrun zwou Wochen hunn allebéid déi nei Déifferdenger Europaschoul presentéiert. Inhaltlech loossen awer, zanter annerhallwem Joer blo-rout-grénger Regierung, fundamental schoulpolitesch Ännerungen ëmmer nach op sech waarden, mengt d’Mick Entringer am Kommentar.



nbsp;

Wou sinn déi breetugeluegte richtungsweisend Konzepter déi der sproochlecher Diversitéit an der ëffentlecher Lëtzebuerger Schoul Rechnung droen? Déi, déi den Echec scolaire solle reduzéieren, a fir méi Chancëgläichheet solle suergen? Wou ass d’Lycéesreform drun, déi déi fréier LSAP-Ministerin Mady Delvaux op den Instanzewee bruecht hat, an déi de Virdeel hat, no villem Gestreids mat de Gewerkschaften, de Sproochenunterrecht op mannst am Enseignement secondaire eng Grëtz nei aus ze riichten? An generell d’Wichtegkeet vun de Sprooche géigeniwwer den anere Fächer nei op ze stellen?

Lëtzebuerg brauch (nieft generell engem differenzéierte Léieren) besonnesch en differenzéierte Sproochenunterrecht. De Problem ass bekannt, bei allen Decideuren. Eng Pist ass déi nei Déifferdenger Europaschoul. Eng ëffentlech, deemno gratis Schoul vun der Primärschoul bis op Première mat duebeler Alphabetiséierung a Sproochefilière op Franséisch an Englesch, wou dernieft och Portugisesch eng Platz soll kréien. En Dram fir vill Residenten. Wou mëttelfristeg 1.400 Schüler enger Daags scolariséiert wäerte sinn. Ma Lëtzebuerg huet 87.000 Schüler; ronn d’Halschent dovu sinn net Lëtzebuerger. 60% vun de Kanner an der Grondschoul schwätze kee Lëtzebuergesch doheem; a ronn 50% am Postprimaire. An déi ginn alleguer an déi gewéinlech ëffentlech Schoul, mat hirer bekannter Sproochendiktatur.

D’Léisung kann net doranner leien, fir e puer Schüler, de Konzept vun enger Europaschoul vu baussen an ze kafen, well een et op der anerer Säit net fäerdeg bréngt säin eegene Schoulsystem ze reforméieren, aus Angscht vrun de Gewerkschaften. Wa fir Lëtzebuerg d’Europaschoul de richtege Modell soll sinn, da soll och de ganze System deementspriechend reforméiert ginn. Do muss e Sprooche-Konzept hir, eng breet Reform. Vun ënnen no uewen. Elo, direkt. Do kann net gewaart ginn, bis a 15 Joer d’Klengkannerbetreiung gräift.

Direkt muss de Sproochenunterrecht an der Grondschoul iwwerkuckt ginn. Etude beleeën datt kruzial sproochlech d’Defiziter schonn am drëtte Schouljoer etabléiert sinn, an datt d’Schüler quasi keng Méiglechkeet méi hu se duerno op ze fänken. Dat ass alles gewosst! D’Orientatioun, reduzéiert sech aktuell op eng Selektioun par Rapport vum Niveau am Däitschen an am Franséischen, ausgoend vum Schüler mat Lëtzebuergesch als Mammesprooch. Et gëtt dem Profil vun enger letzebuergesch-stämmeger Elite no orientéiert, déi och an Zukunft d’Main mise op d’Entscheedungsposten a Politik a Verwaltung wëllen hunn.

En attendant, an dat riskéiert laang ze daueren: E klengen Tuyau fir all déi Elteren déi sech fir hier Kanner eng méi positiv Scolaritéit a berufflechen Erfolleg wënschen, wéi se fir déi Meescht an den ëffentlesche klasseschen Eliteschoule méiglesch sinn. Schéckt se an de Technique: do sinn se net dem selwechte Sproochendrock ausgesat, si léieren e Beruff deen hinne Freed mëscht a wou se och duerno eng Aarbecht fannen! Oder si maachen hir Première a studéieren duerno genee dat wat se wëllen, wëssen a kënnen.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen