Kommentar: Wauquiez-Polemik

“Es reicht”, huet d’CSV gëschter ee weidere Presse-Communiqué iwwerschriwwen, mat deem nei polemesch Aussoe vum franséischen UMP-Politiker a fréiere Minister Laurent Wauquiez iwwer Lëtzebuerg a seng Finanzplaz condamnéiert ginn. Eng vun de mëttlerweil ville Reaktiounen aus der lëtzebuerger Politik, déi all zesummen eng wéi et schéngt akzeptabel Form vu Nationalismus ufeieren, mengt de Michel Delage an engem Commentaire:

 

De ganze Kommentar:

Schockant, inakzeptabel, pathetesch, arrogant, lamentabel, domm... Dat si just e puer Adjektiver, mat deene lëtzebuerger Politiker – Juncker, Asselborn, Reding, Goerens, Engel, Wilmes - dem franséischen UMP-Kolleg Laurent Wauquiez seng Aussoe vun der leschter Woch disqualifizéiert hunn. Och fir si ass Europawahlkampf.

D’lëtzebuerger Medien hunn dës Polemik dankbar ugeholl, et gouf keen Dag ouni datt iergend een zitéiert gouf fir dem Wauquiez seng Aussoen ze veruerteelen, am beschten UMP-Partei-Frënn, déi sech vun hirem Vize-President wollten distanzéieren. Eben e ganz uerdentlechen Ouschtervakanze-Feuilleton, op de gewinnten Online-Forume konnt een och säi perséinleche Pefferkärche bäidroen.

Et muss ee sech allerdéngs froen, ob de Politiker Wauquiez, och wann e Vize-President vun der gréisster franséischer Oppositiounspartei ass, net vläit iwwerschat gëtt. Ëmmerhinn ass den allgemenge Niveau vum politesche Personal a Frankräich respektiv zu Paräis hautdesdaags net méi héich wéi soss anzwousch. Mee einfach nëmmen ignoréiere schéngt net méiglech ze sinn: d’Politiker musse jo virun den EU-Wahle fir sech Reklamm maachen a sech indignéiert weisen, an d’Medien d’Period vun de sauere Kornischonge versichen z’iwwerbrécken, deelweis och hier Roll als ideologesch Wiechter spillen.

Dovun ofgesinn: d’Virstellung, datt Lëtzebuerg net méi Member vun der Europäescher Unioun oder engem sougenannte Kär-Europa kéint sinn, ass dach emol e Gedanke wäert, oder? Et kréich een da vläit eng ongeféier Ahnung, wéi d’Griiche sech musse gefillt hu wéi méintelaang iwwert hiren Euro- wa net souguer EU-Austrëtt spekuléiert gouf. Et kéint ee sech och an d’Bierger vun all deene Memberstaten era versetzen, déi - wéi et schéngt - keng Plaz an engem exklusive Kär-Europa hätten. Eng Virstellung, bei där vill Lëtzebuerger méiglecherweis géifen erféieren, esou selbstverständlech ass et fir si dobäi ze sinn. En Ausschloss wier eppes Ondenkbares. An eng Kéier méi geheit d’Ausso vum Laurent Wauquiez, Lëtzebuerg wier weider näischt wéi ee Finanzparadäis ouni eege wirtschaftlech Substanz, d’Froe vum Monolithismus vun der lëtzebuerger Economie a vun der Akzeptanz no bausse vun der Finanzplaz op.

Mee all des Gedanke gi sech net gemaach, déi Debatte gi net gefouert. Villméi geet et drëms fir d’Reaktiounen an eng bestëmmte Richtung ze kanaliséieren. Wann et an der Tëschenzäit scho praktesch als onerhéiert gëllt haart iwwert e souveräne Nationalstat nozedenken ouni an e riets-extremen Eck gedréckt ze ginn, dann ass dat heiten eng Form vun erlaabtem, vun acceptabelem Nationalismus, deem komescherweis däerf fräie Laf gelooss ginn.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen