Kommentar : "Steierhaussë bréngen d'Regierung an eng politesch schwiereg Situatioun"
Wéi mer dat déi lescht Deeg gemellt hunn, ass der Regierung hir Iddi fir eng Steier vun 0,5 Prozent anzeféieren net nei : an de Koalitiounsverhandlunge scho sinn d’DP, d’LSAP an Déi Gréng sech prinzipiell iwwert esou eng Contributioun eens ginn. Donieft goufen am Hierscht weider Spuer- a Steiermesure festgehal. De Jean-Claude Franck kann novollzéien, datt d’Regierung net frou ass iwwert d’Revelatiounen an der Press. E Kommentar am Mëttes-Panorama vum 30. Juli
Hei den Text :
D’Regierung géif léiwer selwer bestëmme, wat, wéini a wou gesot gëtt: an de leschten aacht Méint huet se misse realiséieren, datt dat net esou einfach ass. Aus hirer Perspektiv wier et besser gewiescht, d’Spuer- a Steiermesure wieren all zesumme public ginn.
D’TVA-Hausse huet se selwer awer scho méi fréi annoncéiert well d’E-Commerce-Konzerner Kloerheet wollten. Déi nei Steier vun 0,5 Prozent ass vum Wort public gemaach ginn. An elo ass och gewosst, datt DP, LSAP an Déi Gréng sech schonn de leschten Hierscht prinzipiell iwwer eng Serie vu Spuer- a Steiermesuren eens waren, dorënner eng Steier vun 0,5 Prozent, nom Modell vun der Krisesteier – et gouf deemools gehofft, doduerch kéinten iwwer 100 Milliounen Euro zousätzlech an d’Staatskees fléissen.
“Mir hu scho Piste fir iwwert eng Milliard anzespuere”, sot de Premier Mëtt Dezember hei op der Antenn. Haut wësse mer, wat gemengt war : d’Koalitionäre si sech virum Ofschloss vun de Koalitiounsverhandlunge prinzipiell iwwer Mesuren eens gi, fir sécher ze stellen, datt se nom Koalitiounsaccord net géifen ufänken iwwer essentiell Sanéierungsmesuren ze streiden. D’Angscht, datt een zu dräi scheitere géif, war den Ausléiser.
Dat ass an der Rei : och d’Koalitioune vu virdrun hunn nieft dem Regierungsprogramm Accorden iwwer zum Beispill Personaldecisioune getraff, déi net public gemaach goufen. Déi heite Regierung wollt hier Spuer- a Steierpisten eegenen Aussoen no fir t’éischt op hiren Impakt iwwerpréiwen, a sou ass et trotz allen Transparenz-Verspriechen nozevollzéien, datt d’Serie vu Mesuren net public gemaach gouf.
Problematesch fir d’Regierung ass awer den Inhalt vum geheimen Accord: et ass net just eng Lëscht mat Spuermesuren, mä et sinn och Steierhaussen, iwwert déi déi nei Koalitioun sech séier eens war. Dobäi hat grad d’DP gesot, ier u Steierhausse geduecht gëtt, misst genee iwwerpréift gi, wat ka gespuert ginn. De Premier huet der Regierung vu virdru virgeheit, Schwaarz-Rout hätt mat der Krisesteier an der Hausse vun der Solidaritéitssteier ugefaang, ouni ze kucke, wéi ee ka fir t’éischt spueren. “Mir fänke lo mol bei eis un”, esou de Xavier Bettel am Dezember hei op der Antenn. Steierhaussë wieren déi lescht Léisung, wann näischt anescht méi méiglech wier.
Problematesch sinn déi bis elo bekannte Spuer- a Steiermesuren och fir d’LSAP – déi Partei, déi sech engagéiert hat, fir eng “Trendwend” ze suergen andeems d’Steierlaascht tëscht Betriber a Stéit nees méi gerecht verdeelt géif ginn. Wat bis elo bekannt ass, ass de krasse Contraire dovun : d’Stéit musse méi TVA bezuelen a sinn och déi eenzeg, déi vun der neier Steier vun 0,5 Prozent concernéiert sinn. E puer honnert Milliounen, déi d’Ménagen zousätzlech ofgi mussen. Eng politesch Ausso, datt och d’Betriber hiren Undeel leeschte sollen, léisst op sech waarden. Domat huet déi nei Koalitioun sech zimlech séier an eng Situatioun bruecht, an där se hirer Basis an hire Wieler nëmme schwiereg an d’Ae kucke kann...