Kommentar: Schoulpolitik, wou ass déi global Visioun?
Eng besser Schoul fir jiddereen, war ee vun de grousse Chantier’en deen sech d’Regierung - wéi se hiert Mandat vru bal engem Joer ugetrueden ass - op de Fändel geschriwwen hat. Zanterhier feelt et an der Schoulpolitik ëmmer nach un enger globaler d’Visioun an un enger offensiver Kommunikatioun, mengt haut d’Mick Entringer an engem Kommentar am Moies-Panorama vum 28. November.
nbsp;
ei den Text fir nozeliesen :
m Beräich Schoul gëtt zanter engem Joer vrun allem driwwer nogeduecht a diskutéiert wéi een d’Personalressourcë méi effizient kann asetzen, andeems een ëmschicht, d’Tâche redefinéiert, a gläichzäiteg eng Käschtenexplosioun verhënnert. Iwwert pedagogesch Inhalter, iwwert d’Zieler vu schoulpolitesche Reformen an iwwer d’Schüler selwer gouf op Säite vum Educatiounsministère ganz wéineg a ganz schlecht no bausse kommunikéiert. An d’Opinion publique gëtt iwwert déi wichteg gesellschaftlech Fro vun der Zukunft vun der Schoul net mat abezunn.
Beispill: d’Propose vun der neier Grille horaire am Enseignement: firwat ass den Educatiounsminister net vill méi offensiv virgaangen a senger Erklärung datt et vrun allem ëm d’Kanner geet, ëm méi Gläichheet an de Schoulen, an em differenzéiert Begleedung. Firwat net versiche fir mat gudden Argumenter a mat enger proaktiver Kommunikatioun d’Zivilgesellschaft, Elteren an engagéiert Enseignant’en mat op seng Säit ze kréien. Am Platz huet sech de Minister missen op den Argumentatiounsterrain vun de Gewerkschaften zeie loossen, wou déi nei Grille exklusiv als Aspuerpotential an e Plus un Aarbecht fir d’Enseignant’en an och fir d’Kanner diskutéiert gëtt. De Ministère misst de Lead an der Kommunikatioun iwwerhuelen, an net just op Verstéiss vun de Gewerkschafte reagéieren, wann en Ënnerstëtzung dobausse wëll.
Op der anerer Säit schéine verschidden annoncéiert Konzepter onausgeräift, wéi d’Sproochförderung an de Crèchen. Do huet den DP-Minister zwar eng pedagogesch interessant Idee lancéiert; awer eben och just eng Ideen déi net duerchduecht ass. Et feelen déi wëssenschaftlech a pedagogesch Approchen, a Kloerheet iwwert de Finanzement.
Eng ganz Partie schoulpolitesch Dossiere waarden drop an enger globaler an inhaltlecher konkreter Approche traitéiert an och no bausse matgedeelt ze ginn: d’Lycéesreform, de Sproochenunterricht, déi pädagogesch an inhaltlesch Ausbildung vun den Enseignant’en, d’Reform vun der Pedagogik an de Schoulen, den Inhalt vum allgemenge Wäerteunterrecht ... a wou ass de Conseil national des programmes drun, deen am Regierungsprogramm annoncéiert ginn ass, an iwwert d’Kohärenz soll waache vun de Schoulpolitiken?
Eenzelmesurë ginn drëpsweis annoncéiert, wéi d’Europaschoul zu Déifferdeng fir "Expats" (déi bestëmmt fir eng spezifesch Gesellschaftsschicht gebrauch gëtt). Mee et vermësst een e Gesamtbild, eng global Visioun welch Schoul ee fir déi grouss Majoritéit vun de Schüler zu Lëtzebuerg wëll, mat konkrete sprochräifen an zesummenhängende Mesuren.