Kommentar: Referendum iwwer d'Auslännerwahlrecht

Kënnt et zum consultative Referendum iwwer d’Auslännerwahlrecht oder net? Dozou gouf et läscht Woch konfus Aussoe vu Regierungssäit. Am Regierungsprogramm an an der Regierungserklärung vum Dezember d’läscht Joer heescht et dogéint kloer, dass d’Vollek iwwer wichteg Froe per Referendum consultéiert gëtt, notamment och iwwer d’Ausdehnung vun de politesche Rechter vun de Net-Lëtzebuerger. Haut ass den Discours allerdéngs en Aneren. Dozou e Commentaire vum Gil Goebbels:

 

Den Text vum Kommentar:

Et war de Justiz-Minister deen als éischten den Terrain fir e Revirement preparéiert huet. Am Januar schonn huet de Felix Braz ugefaange vun enger indicativer Lëscht vu Froen ze schwätzen, déi de Bierger kéinten ënnerbreed ginn. Fir ze beweisen, dass d’Koalitioun sech ni op déi 4 Froen am Regierung’s-Programm festgeluecht huet, mee just Virschléi sinn, scheit de Justiz-Minister net virdrun, eng ganz fräi an eegen Iwwersetzung vum Wuert "notamment" ze maachen. A kengem Dictionnaire bedeit "notamment" nämlech "zum Beispill".

D’Auslännerwahlrecht, d’Finanzéierung vun de Culten, d’Wahlrecht vu 16 Joer un an d’Limitatioun vun de Mandater sollen also soss näischt gewiescht si wéi Virschléi an dat vun Ufank un, behaapt elo d’Regierung an iwwergëtt déi waarm Gromper un déi zoustänneg Chamberkommissioun iwwer d’Verfassungsrevisioun. D’Kommissioun soll iwwer d’Froen tranchéieren, am Konsens. Herno war et dann hier Initiative an d’Regierung steet bei engem politeschen Echec net méi direkt an der Schosslinn. A senger Ried um grénge Kongress Ufank Dezember, sot de Felix Braz nach kloer, dass Froen dobäi kéinte kommen, mee net dass Froen ewech fale kéinten. An och vun engem Konsens mat der CSV war keng Ried. Dat koum wéi gesot eréischt méi spéit.

Den Hoke bei der Saach ass, et gëtt kee Konsens mat der CSV beim Auslännerwahlrecht. D’CSV huet virun de Wahle gesot a seet och haut nach, se wär dogéint. A genee well an der Chamber déi néideg zwee Drëttel Majoritéit fir eng Verfassungsännerung an där Fro feelt, hat d’Koalitioun als Alternativ e Referendum proposéiert. De Premier huet nach während der Regierungserklärung Kritike vum Jean-Claude Juncker géint esou e Referendum verteidegt. D’Kaz bäisst sech also an de Schwanz.

D’Fro ob déi ugekënnegt Referenden organiséiert ginn, wann d’CSV bei hirem aktuelle Refus bleift ass dofir méi wéi berechtegt a misst eng kloer Äntwert vu Regierungssäit kréien. Grad an esou enger wichteger Fro, déi d’Zesummeliewen am Land staark influenzéiere wärt, misst d’Regierung eng kloer Positioun hunn. Dat ëmsou méi well eng serieux gefouert Debatt am Virfeld onëmgänglech ass.

Keen ass esou naiv ze gleewen, dass all d’Ukënnegunge vun enger Regierung agehal ginn. Mais hei geet et ëm ee vun de grousse Versprieche vun dëser Koalitioun. D’Annonce vun de Froen am consultative Referendum ass deen éischte Punkt iwwerhaapt am Regierungsprogramm deen d’Koalitiounsparteien d’läscht Joer ausgeschafft hunn. Iwwerschriwwen ass de Kapitel iwwregens : "Renouveau démocratique".

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen