Kommentar : "Publikatioun vu Mohammed-Karikatur ass eenzeg richtege Choix"

Datt Charlie Hebdo eng Woch nom bluddegen Attentat op déi satiresch Wochenzeitung mat enger Mohammed-Karikatur opmécht, ass den eenzeg richtege Choix, esou de Jean-Claude Franck de 14. Januar an engem Kommentar


nbsp; Den Text fir nozeliesen :

"Je suis Charlie", Millioune Leit "si Charlie", aus verschiddene Grënn, méi oder manner motivéiert : et hunn därmoosse vill Leit de Slogan iwwerholl, datt den Deel vun der Redaktioun vu Charlie Hebdo, deen d'Attentat iwwerlieft huet, e bësse schlecht drun ass dowéinst. D'Journaliste sinn zu engem Symbol ginn a gi fir Villes benotzt, an et ass net auszeschléissen datt dat och fir Saache geschitt, déi näischt méi mat hirer Aarbecht an hire Karikaturen ze dinn hunn.

Verschidde Medien zum Beispill, déi zënter enger Woch "Charlie sinn", publizéieren net d'Karikature vum franséische Satireblat. D'Une vun der Zeitung vun dësem 14. Januar gëtt ënnert anerem am angelsächsege Raum wéineg reproduzéiert - aus Angscht datt Leit sech kéinten doduerch ugegraff fillen. Wann d'Ligne éditoriale vun deene Medien nach ëmmer déi war keng Mohammed-Karikaturen ze weisen, dann ass dat hiert gutt Recht - an dach ass et hypokritesch, wann een engersäits rifft : "Je suis Charlie", et anerersäits awer refuséiert ze sinn.

Meenungsfräiheet huet an engem Rechtsstat wuel hir Limitte well Injure, Diffamatioun oder d'Opruffen zu Haass an zu Gewalt strofbar sinn, mä éischtens ass d'Satire Humor an huet doduerch e spezielle Kader (dat ass a Geriichtsuerteeler esou confirméiert ginn) ; zweetens huet Charlie Hebdo generell net blann géint eng ganz Communautéit gefacht, an och net géint déi Leit, déi gleewen. Et waren ënnert anerem d'Exzesser an d'Extremisten vu verschiddene reliéisen Organisatiounen, déi op d'Schëpp geholl goufen a ginn. Wann d'Satire dat net méi dierf, dann ass se dout.

E Beispill ass d'Une vum Juli d'lescht Joer am Kontext vun Onrouen a Schéissereien an Ägypten : e Moslem huet de Koran zu senger Verdeedegung viru sech gehal well sech Patrounen op en zou beweegt hunn. Charlie Hebdo huet dobäi geschriwwen : "Le Coran c'est de la merde - ça n'arrête pas les balles". Firwat soll eng satiresch Zeitung dat net dierfen ?

Et ass zwar e Beispill dofir, datt eng Karikatur net forcément ëmmer muss gutt sinn. E puer Wochen no där Une huet déi ägyptesch Arméi op der Tahrir-Plaz Moslemen néier gemetzelt, wouriwwer am Westen net gär geschwat gouf... an deem Liicht, war d'Karikatur vu Charlie Hebdo vläit liicht deplacéiert.

Mä domat huet et sech dann och : wann d'Prinzipie vum Rechtsstat agehal goufen - e Rechtsstat an deem Gotteslästerung zum Gléck net strofbar ass - da kann et eng kritesch Ausernanersetzung ginn, mä dono muss Schluss sinn.

Mohammed-Karikature verstoussen am Frankräich an op anere Plazen net géint de gesetzleche Kader vun der Meenungsfräiheet. Et ass schéin a gutt, wa Reliounen net wëllen, datt e Gott, e Prophéit oder Symboler gezeechent ginn. Soulaang dat ënnert hire Sympathisanten applizéiert gëtt, ass dat an der Rei. Mä soulaang et net a Gesetzer verbueden ass, dierf et hautdesdaags net sinn, datt d'ganz Welt sech muss un déi verschidde selwer-operluechte Regelen halen. Genee dat ass e Problem vu ville Reliounen : si wëlle sech an hir Regelen deenen anere permanent imposéieren.

Wien an Europa e Prophéit zeechent, muss sech de Reproche gefale loossen, datt e méiglecherweis verschidde Gleeweger blesséiert. Mä eng Strofdot ass et am Frankräich oder bei eis net. An en Akt, deen iergend eng Zort vu Gewalt justifiéiere géif, scho guer net. Et ass inakzeptabel elo ze soen, Charlie Hebdo wier sech et jo siche gaang.

Einfach nëmme lächerlech an zudéifst blöd ass et, wann Extremiste vun alle Borden hir Relioun "benotze" fir sech selwer an hir grausam Aktiounen ze justifiéieren. Vu datt dat souguer keng Gotteslästerung ze si schéngt, brauche mer iwwer Karikaturen iwwerhaapt net ze schwätzen : gutt laachen (oder kräische) geet méi wéi duer...

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen