Kommentar: Ongewëssheet am Utopolis

Méi wéi véier Méint sinn et hier, datt mir hei um Radio 100,7 gemellt hunn, datt fënnef Caféen a Restauranten am Utopolis riskéieren zouzemaachen a 85 Employéë riskéieren hier Aarbecht ze verléieren. An der Tëscht huet ee Restaurant zougemaach....

Dat Ganzt well Utopia S.a. refuséiert huet de Bail mat enger Brauerei ze verlängeren. Bei de véier Exploitanten, déi nach op e Geriichtsuerteel waarden, a bei engem groussen Deel vun de Salariéen, gëtt et haut nach ëmmer eng grouss Ongewëssheet iwwert d’Zukunft. E Commentaire vum Francois Aulner:

 

De ganzen Text vum Kommentar:

Dobäi hat de President vum Verwaltungsrot vun Utopia S.a., de Christian Kmiotek, sech nach selwer virun zwou Wochen an engem oppene Bréif un d’Kulturministesch iwwert eng grouss “Ongewëssheet” am Kultur-Secteur beklot, dat awer a senger Rolle vu President vun der Theater Federatioun. Hie begréisst zwar d’Initiativ vun der Ministesch Maggy Nagel d’Conventioune mat de verschiddene Kulturhaiser ze redefinéieren. Als President vun deene Grénge limitéiert hien sech op der Kritik, vill Membere vun der Theaterfederatioun géinge fäerte, well se net wéisste wéi eng Moyenen se fir d’nächst Méint hätten an deemno hier Engagementer kéinten erfëllen. “Dir verstitt Madame Ministesch, datt Ongewëssheet och zu Ängschte féiert”, stoung am oppene Bréif vum Christian Kmiotek ze liesen. Dat ënnerschreiwen ech och.

Zanter méi wéi véier Méint sinn d’Exploitante vun de fënnef betraffene Caféen a Restauranten am Utopolis an déi Employéen, déi net schonn hu missen entlooss ginn, och a grousser Ongewëssheet. De President vum Verwaltungsrot vun Utopia S.a., de Christian Kmiotek, widderhëlt op Nofro hin: déi Caféen a Restaurante wousste jo schonn, datt se hire Bail net verlängert kréien.

Jo, dat woussten se zanter engem Joer. Mee éischtens: se woussten net firwat de Bail net verlängert gëtt. A virun allem se wësse bis haut nach net, ob se e neie Bail proposéiert kréien oder nach wat mam Fonds de Commerce geschitt. An zweetens: déi meescht vun de Caféen a Restaurante waren zanter méi wéi zéng Joer am Utopolis aktiv a kruten hire Bail ëmmer rëm verlängert... just elo eben op eemol net méi. Fir d’Salariéen ass zanter Méint d’Fro am Kapp: "wéi laang schaffen ech da nach hei?" An: "ginn ech duerno rëm agestallt?" A fir d’Exploitanten nawell och en ondankbar a sauert Gefill, no all deene Joeren an deenen een sech investéiert huet, esou erausgëeekelt ze ginn...

Wann een de Christian Kmiotek da freet ob en da net weess wat d’Pläng vu sengem Betrib sinn, dann äntwert hien ëmmer rëm: “da muss Dir de Nico Simon froen” (den Direkter vun Utopia S.a.). Jo, dat hu mer natierlech an de läschte Méint puer Mol probéiert an all d’Kollege vun der Presse och. D’Äntwert bis elo, wann een iwwerhaapt eng kritt: “Kee Kommentar”. Wéi den Auteur vun dësem Commentaire puer Mol nogefrot huet, gouf e souguer vum Nico Simon gefrot “ob en da lëtzebuergesch versteet”.

Bleift deemno just nach d’Méiglechkeet ze spekuléieren: geet et Utopia S.a. am Fong net just drëm d’Enchèren an d’Luucht ze dreiwe fir méi héich Loyeren ze kasséieren? Ëmmerhin huet Utopia S.a. wéi et schéngt bis elo keng Demarchë fir Renovatiounsaarbechten ënnerholl, mee verhandelt mat op d’mannst zwou Brauereien iwwert nei Kontrakter.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen